arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stigmatiséierung vun LGBTQIA+-Persounen: Ungarescht Gesetz verstéisst géint EU-Recht

EUGH

|
reading time

1 min

Stigmatiséierung vun LGBTQIA+-Persounen: Ungarescht Gesetz verstéisst géint EU-Recht

Ungarn huet géint EU-Recht verstouss, andeems LGBTQIA+-Persoune stigmatiséiert a marginaliséiert gi sinn. Dat ass d‘Urteel vum Europäesche Geriichtshaff. 

reading time

1 min

EuGH | © picture alliance / Joko | Joko
EuGH (Foto: picture alliance / Joko | Joko)

D‘EU-Kommissioun hat geklot, well Ungarn nei Mesurë geholl hat, fir méi streng géint Pedophiller virzegoen a fir de Schutz vu Mannerjäregen. Déi Mesurë géifen awer den Accès zu LGBTQIA+-Contenuen an de Medien oder de Librairien aschränken, an dat géif géint EU-Recht verstoussen, sou d‘Riichter um Kierchbierg. 

Weider géif den Titel vum Gesetz d'Mënschen aus der LGBTQIA+-Communautéit mat pädophiller Kriminalitéit a Verbindung bréngen. Dat géif d'Stigmatiséierung och weider verstäerken, esou nach d'Urteel.