Notamment a virop déi, datt et nach ëmmer keng fiabel statistesch Donnéeë gëtt iwwer d‘Aarmut hei am Land. Dobäi wieren déi néideg, fir datt d'Politik agéiere kéint.
Si bedaueren och, datt keng massiv Augmentatioun vun abordabele Wunnengen a Vu ass. Dat wier awer ee vun de groussen Hiewelen, fir d‘Aarmut ze bekämpfen.
Bezuelbare Wunnraum an Offices sociaux als Hiewel
An éischter Linn sollt den ONGen no un der nidderschwelleger, also direkt zougänglecher Hëllef geschafft ginn, wéi och um bezuelbare Wunnraum, fuerdert de Guy Foetz vun der Associatioun Solidaritéit mat den Heescherten.
"D’aide au bas seuil muss generaliséiert ginn. Dat ass um Niveau vun den Offices sociaux, wou dat muss duerchgesat ginn, datt d'Offices sociaux eng aner Aart a Weis och hätten, fir un d'Saache runzegoen."
Et géif ëmmer nees gesot ginn, d'Suen dierften net mat der Strenz verdeelt ginn, esou de Guy Foetz.
"Doduerch gi ganz vill Leit ausgeschloss. Dat ass emol ee fundamental Element."
Dat zweet Haaptelement wier de bezuelbare Wunnraum.
"Soulaang wéi mir net zu Lëtzebuerg e Staat hunn, deen derfir suergt, datt genuch Wunnengen, déi bezuelbar sinn, zur Verfügung stinn a wierklech an déi Richtung schafft, soulaang komme mer net weider."
Wichteg Donnéeë feelen
Positiv bewäerten d’Lëtzebuerger ONGen an Associatiounen, datt méi automatiséiert Sozialhëllefen an d’Aféiere vu mobile psycho-médico-social Ekippe geplangt sinn. Allerdéngs géif et nach grouss Lacunne ginn, virop déi, datt et nach ëmmer keng fiabel statistesch Donnéeën iwwer d’Aarmut hei am Land gëtt, bedauert de Guy Foetz.
"Wann ee keng Donnéeën huet, da kann een och kee Suivi maachen, da kann ee keng Evaluatioun maachen ob déi Politik, déi een do mécht, ob déi richteg ass, zilféierend ass an esou weider."
Iwwerdeems géif de Plang déi vulnerabelst Gruppen eigentlech net erreechen, dorënner Persounen ouni fest Adress oder ouni déi néideg Pabeieren, sou wéi och Leit, déi international Protektioun kréien.
An enger nächster Sitzung Enn dës Mounts wëll den Grupp vun ONG’en an Associatiounen zesumme mam LISER nach eemol méi konkret Revendicatiounen a Saache Logement formuléieren.