arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mëssbrauchsvirwërf am Kannerduerf zu Miersch: Zeienopruff lancéiert

National

|
reading time

1 min

Mëssbrauchsvirwërf am Kannerduerf zu Miersch: Zeienopruff lancéiert

Déi onofhängeg Expertekommissioun, déi mat de Mëssbrauchsvirwërf a méiglechen Dysfonctionnementer am Kannerduerf zu Miersch befaasst gouf, lancéiert en Zeienopruff. Déi Experte-Kommissioun war Enn Februar en place gesat ginn. Si rifft elo all Persounen op, déi Informatiounen doriwwer hunn.

reading time

1 min

Den Zeienopruff riicht sech virun allem u Persounen, déi am Kannerduerf zu Miersch betreit gi sinn oder och lo nach do sinn a Mataarbechter:innen. Awer och soss all Persounen, déi relevant Informatiounen hunn, heescht et am Communiqué.

D‘Aussoe géife strikt vertraulech entgéint geholl ginn. D‘Kommissioun géif komplett autonom an onparteiesch, ouni Afloss vun der Fondatioun Kannerduerf fonctionéieren.

Plainte géint de fréieren Direkter vum Mierscher Kannerduerf

An der Kommissioun si véier Expertinnen an Experten: De fréiere Procureur général Robert Biever,  d‘Affekotin Claudine Erpelding, de Psycholog a Psychotherapeut Alain Massen an de Kannerdokter Roland Seligmann.  D‘Kommissioun soll an 12 Méint e Schlussrapport virleeën, do virdrun awer och schonn Tëscherapporten.

Am Oktober hat Reporter.lu gemellt, datt Plainte wéinst sexuellem Mëssbrauch géint de fréieren Direkter vum Mierscher Kannerduerf gemaach gi wieren.

Muer ass d‘Affär ëm Mëssbrauch am Kannerduerf zu Miersch och Theema an der Educatiounskommissioun vun der Chamber.