arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LGBTQIA+-Theme sollen an de Schoule verdéift ginn

Chamber

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

LGBTQIA+-Theme sollen an de Schoule verdéift ginn

D’Regierung wëll LGBTQIA+-Theemen an de Schoule verdéiwen an op kee Fall zu enger Invisibilitéit vu queere Mënsche bäidroen. Dat soten d’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes an de Educatiounsminister Claude Meisch um Dënschdegmoien an der zoustänneger Chamberkommissioun.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock / gOrlica
(Foto: Bigstock / gOrlica)

An der zoustänneger Chamberkommissioun gouf iwwer de Suivi vun den zwou Petitiounen diskutéiert, déi viru genee engem Joer eng Polemik ausgeléist haten. D’Fro war, ob an de Schoulen net, oder ebe méi LGBTQIA+-Sujete behandelt solle ginn. 

An der Kommissioun goufe vun de Ministeren eng ganz parti Mesurë presentéiert, déi zu enger Sensibiliséierung a méi Inclusioun bäidroe sollen. D’Deputéiert hunn dëst gréisstendeels begréisst, mee och verschidde Bedenke geäussert wat déi konkret Ëmsetzung ugeet.

Backes: "Dat ass fir eis normal"

Et wéilt ee mat gréisstméiglecher Normalitéit an altersgerecht un dës Themen erugoen, do waren sech d’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes an den Educatiounsminister Claude Mesich eens. Et kéim net a Fro datt LGBTQIA+-Sujeten an iergendenger Form sollen ausgeschloss ginn, huet d’Yuriko Backes direkt um Ufank kloer gemaach.

"Wat kloer ass: LGBTQIA+ ass eng Realitéit an der Gesellschaft, also ass et och eng Realitéit an de Schoulen. Datt dat muss an eise Schoulen integréiert muss ginn, dat ass fir eis normal."

Schoulpläng vum SCRIPT ausgeschafft

Am Gläichstellungs- wéi och am Educatiounsministère wier u ville Mesurë geschafft ginn, fir déi schoulesch Infrastrukturen unzepassen a fir d’Sujeten an de Coursen ze thematiséieren. Sou kréich zum Beispill d’Léierpersonal entspriechend Formatiounen, eng ganz Partie nei Guidë wieren un d’Schoule verschéckt ginn. De SCRIPT hätt un den offizielle Schoulpläng geschafft, sou datt LGBTQIA+-Themen an den eenzele Fächer integréiert ginn.

D’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt huet dës Mesurë begréisst a betount, datt Eltere keng Angscht missten hunn, datt hir Kanner an de Schoulen net altersgerecht Saache gewise kréien. D’Deputéiert vun déi gréng Joëlle Welfring huet d’Fro gestallt, wéi den Effort valoriséiert gëtt a wéi och d’Wäerter wéi Toleranz an Integratioun am Alldag an de Schoule gelieft solle ginn

Schoule solle Wäerter virliewen

Dem Claude Meisch no wier et un de Schoulen, dës Wäerter virzeliewen. Den Educatiounsminister huet awer zouginn, datt hinnen dat nach net ëmmer sou geléngt. An engems dierften d’Schoulen awer och net iwwerfuerdert ginn, en Deel vun der Opklärungsaarbecht léich och bei den Elteren, sou nach den DP-Minister.

“D’Schoul kann net alles maachen, an d’Schoul kann net all gesellschaftleche Problem, egal wéi grouss datt en ass, mir kënnen dat net alles op der Schoul hire Bockel tässelen.”

Effet mëttel- bis laangfristeg moossbar

Dem ADR-Deputéierte Fred Keup no hätten d’Leit awer verschidde Wäerter an och Leit déi LGBTQI+-Sujeten aneschters gesinn. sollte respektéiert ginn.

“Wann dir ze vill an eng Richtung dréckt, a ze vill dofir Propaganda maacht, da riskéiert dir dass d’Reaktiounen herno de contraire sinn. Wat dir et méi affichéiert, wat dir och méi leit hutt déi sech dogéint wieren.”

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet dann nach betount, datt den Effet nëmme mëttel- bis laangfristeg moossbar wier an ëmmer nees thematiséiert misst ginn.

play_arrow Lauschteren