Am neie Plan d'Action National géifen ënner anerem net all ethnesch Gruppen hei am Land berücksichtegt ginn.
Den éischten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus fokusséiert sech virun allem op Mënsche mat afrikaneschen Originnen. Aus enger Studie vum LISER geet nämlech ervir, datt Schwaarz Mënschen hei zu Lëtzebuerg besonnesch vu Rassismus betraff sinn. Et wier och wichteg dëse Fokus ze setzen, seet d’Antonia Ganeto. Et wier awer vu Virdeel och aner Forme vu Rassismus unzepeilen.
"Hei zu Lëtzebuerg hate mer jo och eng Etüd iwwert d'Islamophobie, wou ganz rezent och presentéiert ginn ass, wou ganz kloer beseet, datt ënner anerem d'Muslime besonnesch och den Diskriminéierung ausgesat géife ginn."
Ministèrë sollen Expertinnen an Experten erunzéien
Am Mëttelpunkt vum Anti-Rassismus-Plang stinn déi dräi grouss Beräicher Aarbecht, Educatioun a Logement. Fir datt déi ugekënnegt Mesuren och richteg ëmgesat ginn, wier et wichteg, datt déi Zoustänneg an de verschiddene Ministèren de Sujet kennen, esou d'Antonia Ganeto.
"Datt déi och den Terrain kennen an datt tatsächlech och Experten an Expertinnen erugezu ginn."
Dat, fir datt Projete mat de Betraffenen kënnen ausgeschafft ginn, an d’Associatioun déi sech schonn zënter Joer géint Rassismus um Terrain aktiv sinn, weider gestäerkt ginn.
Et wier wichteg gewiescht, d'Gesondheet ofzedecken
Et wier schéin a gutt, datt den Anti-Rassismus-Plang och d’Beräicher Kultur a Sport viséiert, mee wier och wichteg gewiescht de Beräich vun der Gesondheet ofzedecken, esou d‘Antonia Ganeto nach. Well esouwuel d’Patienten, wéi och d’Personal am Gesondheetssecteur wiere Rassismus ausgesat, wéi si un engem Beispill illustréiert;
"Also ech hunn do, wann Der wëllt, ee konkret Beispill vun enger Persoun aus menger Famill, wou viru kuerzem eng Damm an engem Zëmmer, déi huet menger Schwëster gesot, spezifesch, jo, ech wëll net mat enger Schwaarzer Fra am selwechten Zëmmer sinn. An dat mécht engem eppes aus."
Wat feelt, si Gesetzesännerungen
Rassismus wier wéi een Äisbierg: D’Spëtzt wier dat wat ee gesäit, an dat drënner, wier eise System deen sech ännere muss, esou d’Vizepresidentin vun der CCDH.
"A fir de System ze änneren, muss ee Gesetzer stëmmen, déi tatsächlech och d'Saache grondsätzlech veränneren."
An dem éischten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus sinn aktuell keng Gesetzesännerunge virgesinn.