arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zuel vu Sans-abrie wier net bewosst niddereg gehale ginn, esou de Max Hahn

No Kritik um Familljeminister

|
headphones

1 min

D'Zuel vu Sans-abrie wier net bewosst niddereg gehale ginn, esou de Max Hahn

De Familljeminister Max Hahn huet um Méindegmoien an der zoustänneger Chamberkommissioun op Virwërf reagéiert, datt hien am Kader vun enger Zielung vu Sans-abrie bewosst Drock op Leit um Terrain ausgeüübt hätt.

headphones

1 min

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
(Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

Am August vun dësem Joer hate gréisstendeels anonym Sourcen dem DP-Minister virgeheit, datt hien d'Zuelen doduerch wéilt niddereg halen. Verschidde Persoune wieren aus deem selwechte Grond och bewosst net matgezielt ginn, huet et geheescht.

An der Chamberkommissioun um Méindegmoie sot den DP-Minister, hien hätt ni Drock op Leit vum Terrain gemaach. Dogéint wier hie sech awer bewosst, datt d'Zielung vun de Sans-abrie kee komplett Bild vun der Situatioun vun de Sans-abrien zu Lëtzebuerg géif ginn.

Dat wier awer och net d’Zil, esou de Max Hahn. 

"Et däerf een déi verschidden Zuelen, déi kurséieren net vergläichen. Wat huet d'Virgängerregierung - wat mir weidermaachen -gemaach? Mir wollten eng Bestandsopnam maachen. Wéi vill Leit verbréngen d'Nuecht dobaussen? Dat ass net, wéi vill Leit si wärend dem Dag bei deene verschidden Träger. An dat ka scho guer net sinn, wéi vill Leit hu keen Iwwerdaach selwer a musse bei enger Frëndin an engem Bekannte schlofen, well dat wier statistesch scho vill méi schwéier erfaassbar. Dat hei hu mir scho gesinn duerch den Ausbau vun der Stad Lëtzebuerg op Esch an op d'Wanteraktioun, datt s de do iwwer 100 Leit Personal brauchs, déi geschoult sinn an deem heite Beräich."

Dat wier iwwerdeems relativ opwenneg, esou nach den DP-Minister.