Am Kader vum Dublin Reglement wieren 151 Mënschen an een anert europäescht Land geschéckt ginn, esou den Inneministère a senger schrëftlecher Äntwert. D’Dublin Reglement gesäit vir, datt dat Land, an deem eng Persoun fir d’éischt seng Asyldemande gestallt, och responsabel fir déi Persoun ass.
Weider wiere 25 Leit aus der Maison de Retour an hiert Heemechtsland zeréckgaangen. D’Maison de Retour, déi iwwer 160 Plazen huet, wier iwwerdeems zënter hirer Ouverture nach ni un hir Limitte gestouss. Fir den Ament wieren 41 Männer, 7 Fraen a 14 Kanner do logéiert.
Maison de Retour: Net ze verwiessele mam Centre de Rétention
D’Maison de Retour war ënner der aktueller CSV-DP-Regierung an d'Liewe geruff ginn, fir déi sougenannte fräiwëlleg Retouren ze erméiglechen an déi fréier SHUK, "Structure d’hébergement d’urgence Kirchberg" ersat. Net ze verwiessele mam Centre de Rétention, an deem Mënsche logéiert ginn, déi schonn opgefuerdert goufe Lëtzebuerg ze verloossen an där Fuerderung net nokomm sinn.
Déi Persounen aus dem Centre de Rétention dierfen d’Struktur och net verloossen. Anescht an der Maison de Retour, déi awer och just hallefdaags op ass.