Den Ustouss dofir hätt eng Rei u Bréiwer gemaach mat deenen den Office National de l’Acceuil (ONA) Flüchtlinge mat unerkanntem Statut op d’Strooss géif setzen.
Dat mat all de Konsequenze fir d’Familljen, wéi am Fall vun der eritreescher Communautéit.
Realitéit spiggelt net d'Aussoen vum Familljeminister
De Familljeminister Max Hahn (DP) hätt zwar erkläert, datt een d’Konventioun vu Lissabon wéilt ëmsetzen a bis 2030 kee méi op der Strooss sollt liewen, ma d’Realitéit géif awer net an déi Richtung weisen, esou de Marc Faramelli Responsabel fir de Plaidoyer social bei der FEDAS.
D’Wunnengskris zu Lëtzebuerg géif zënter 30 Joer undaueren an ouni konkrete Mentalitéitswiessel géif et fir ëmmer méi Leit onméiglech ginn eng eege Wunneng ze kréien. Gefrot wieren do de Staat an och d’Gemengen.
“Als éischt misst de Staat méi Acceuil-Strukturen ubidden. Et gëtt bestëmmt eidel Gebaier oder Gebaier, déi kuerzfristeg kéinte mobiliséiert ginn. Dann ginn et awer och d’Gemengen: Do hu mir festgestallt, datt gewëss Gemenge grouss Efforte maachen awer anerer ganz schéi retizent sinn, fir e puer Wunnengen unzebidden.”
Dat wieren awer alles nëmmen Drëpsen op de waarme Steen. Ouni eng ambitiéis a kohärent Politik an dësem Beräich géif de Problem net geléist ginn, esou nach d’FEDAS.
Wat gebraucht géif ginn, wier eng Laangzäitstrategie. Nom Bréif un d’Ëffentlechkeet sollen elo och geziilt déi eenzel Ministèren ugeschriwwe ginn.