arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Abléck an d’Fraenhaus MARGA

CNDS

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

En Abléck an d’Fraenhaus MARGA

Zënter Ugangs dëst Joer gëtt et zu Lëtzebuerg eng nei Ulafstell fir Fraen déi Hëllef sichen. D’Fraenhaus MARGA am Neiduerf riicht sech speziell u Fraen, déi drogenofhängeg sinn an och heefeg Gewalt an Obdachlosegkeet erlieft hunn.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Symbolfoto | © Bigstock
Symbolfoto (Foto: Bigstock)

Zil vun der Dagesstruktur MARGA, déi vum Comité national de Défense sociale (CNDS) geréiert gëtt, ass et, dëse Frae Schutz, medezinesch Betreiung an een Ëmfeld ze bidden, an deem si Schrëtt fir Schrëtt nees Stabilitéit zeréckgewanne kënnen. 

Eng nei Leedung

No den éischte Méint ënnert der Leedung vum Raoul Schaaf, iwwerhëlt seng Nofollgerin d’Stéphanie Sorvello.

D’Fraenhaus MARGA, wat vu baussen éischte al, rofkomm an eidel ausgesäit ass vu banne renovéiert a gemittlech an aluedend ageriicht.

Ongeféier eng 3-5 Frae géifen all Dag an der Dagesstruktur, déi vu moies 9 bis nomëttes 4 op ass, laanschtkommen. D’Struktur MARGA soll an éischter Linn de Fraen an Nout eng Platz bidden, fir rofzekommen, erkläert de Raoul Schaaf.

Fraenhaus Marga vu bannen | © Sophie Schroeder
Fraenhaus Marga vu bannen (Foto: Sophie Schroeder)

Zu Rou kommen

Nieft dem “Abrigado”, dee jo och schonn drogenofhängege Persounen Hëllef bitt, hätt et zu Lëtzebuerg de Besoin gi fir nach esou eng Struktur speziell fir Fraen.

“Einfach zur Rou kommen, an engem geschützte Raum, ass dat wat déi éischt Demande déi vun de Frae war, eben och am Austausch am Groupe de parole deen am Abrigado ugefaangen huet.”

Vill vun de Frae kéimen aus dem Abrigado, wou schonn éischt Orientéierungsaarbescht geleescht gouf.

Et géif sech hei ëm eng nidderschwelleg Offer handelen an hätt deemno kee grousse Luxus, mee géif sech op dat noutwennegst konzentréieren. Dat heescht, de Fraen e Gefill vu Sécherheet a Gemeinschaft ze ginn.

Fraenhaus Marga vu bannen | © Sophie Schroeder
Fraenhaus Marga vu bannen (Foto: Sophie Schroeder)

Schlofen, iessen a Struktur

Dofir géif et zum Beispill e Living an eng grouss Kiche fir gemeinsam Molzechten, an abrochsécher Rolllueden an de Schlofzëmmere ginn.

“Das ist das was für uns eigentlich normal ist, wo man sich keine Gedanken macht. Aber für eine Frau, die wirklich auf der Strasse allem ausgesetzt ist. Überhaupt einmal schlafen, essen, Tagesstruktur, Gemeinschaft, und dann können wir weiterschauen.”

Begleet ginn d’Frae vun zwee Sozialaarbechter:innen, zwee Aide-Soignanten, zwee Educatricen an och nach 2 Persoune vum Sécherheetspersonal. Zil wier et, d’Fraen jee no Besoin weider ze orientéieren.

Sief dat Hëllef bei der Sich no enger Aarbecht, enger Wunneng, enger Therapie-Platz, oder beim Wee aus der Sucht eraus. Do hätt et och schonn déi eng oder aner Erfollegsgeschicht ginn.

Zum Beispill déi vun enger Fra, déi, wéi si am MARGA ukoum, ufanks einfach nëmmen hir Rou wollt, wéi d’Claudia Allar erzielt. SI hätt déi éischt Zäit nëmme wéilte schlofen. No dräi Méint hätt een d’Fra an d’Spidol kéinten iwwermëttelen, wou och séier eng Therapie méiglech war. Elo wier si stabiliséiert.

Fraenhaus Marga vu bannen | © Sophie Schroeder
Fraenhaus Marga vu bannen (Foto: Sophie Schroeder)

De Mënsch als Expert vu senger Situatioun

Fir hei opgeholl ze ginn, géif et keng weider Conditioune ginn. Dem Raoul Schaaf ass et wichteg, datt de Mënsch do mat der Hand geholl gëtt, wou e grad am Liewe steet. Eréischt da kéint ee kucken, wat der Persoun hir Méiglechkeete sinn, esou de Raoul Schaaf.

“Ech muss acceptéieren, datt dee Mënsch mat deem ech ze dinn hunn, den Expert vu senger eegener Situatioun ass. Datt ech dee sinn dee verschidde Weeër weise ka wouhin et ka goen, an dann decidéiert de Mënsch wouhin e wëll goen. An dann decidéiere mir als Sozialaarbeschter oder soss Professionellen, kann ech do matgoen, ass dat ee Wee wou ech ka matgoen? Meeschtens ass dat de Fall.”

De MARGA funktionéiert mat Konventioune mam Santésministère, an och mat der Gemeng Lëtzebuerg, déi d’Gebai am Neiduerf zur Verfügung stellt.

Ee groussen Defi wier nach ëmmer déi mental Gesondheet vun de concernéierte Fraen. Dëst wier nach ëmmer éischter een Tabu-Thema a bräicht méi Experten. Och de Logement géif de MARGA, wéi vill aner Acteuren aus dem soziale Beräich, viru grouss Erausfuerderunge stellen, esou nach de Raoul Schaaf.

Scho mat derbäi ass och D’Stéphanie Sorvello. Si ass prett d’Platz an d’Verantwortung vum Raoul Schaaf anzehuelen – hier ass et am wichtegsten, sech dem Besoin vun de concernéierte leit unzepassen.

play_arrow Lauschteren