arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung presentéiert éischten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus

ëmsetzung vun UNO-Konventioun

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Regierung presentéiert éischten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus

Rassismus an all senge Formen entgéint wierken. Dat ass d’Zil vum éischten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus, deen d‘Ministere Max Hahn, Georges Mischo a Claude Meisch um Méindegmëtteg presentéiert hunn.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

De Plang baséiert ob den dräi Pilieren: Travail, Educatioun a Logement a setzt eng UNO Konventioun géint Diskriminéierungen aus de Joer 1977 ëm. Dem Familljeminister Max Hahn no sinn dat Haaptpilieren, déi mat Rassismus anhierginn.

"Beim Wunnen ass et virun allem d'Locatioun, déi problematesch ass, a bei der Aarbecht, d'Sich no enger Aarbecht an och d'Situatioun op der Aarbechtsplaz."

Mënsche mat schwaarzer Hautfaarf si besonnesch vu Rassismus hei am Land betraff. Dëst geet aus enger lëtzebuergescher Etude aus dem Joer 2022 ervir.  Dofir géifen sech d’Anti-Diskriminéierungs-Mesuren am Plan d’action och besonnesch u Mënsche mat afrikaneschen Originne riichten, esou de Max Hahn.

Ulaftsell fir Affer vu Rassismus

Den Aktiounsplang ëmfaasst insgesamt 106 Mesuren. Dorënner eng néi Ulafstell fir Betraffener an een Internetsite ob deem wichteg Donnéeën, och iwwert méiglech rechtlech Schrëtter regroupéiert sinn, wéi de Max Hahn erzielt.

"Fir eebe grad déi concernéiert Persounen, Täter, datt mer déi kënne poursuivéieren."

E Label fir Antidiskriminéierungspolitik vu Betriber?

Och de Volet Sensibiliséierung spillt eng grouss Roll. Hei solle Formatioune fir e grouss ugeluechte Beräich vun der Zivilgesellschaft en Place gesat ginn. Vun Enseignanten iwwert d’Gemengepersonal bis bei den Agent Immobilier. De Logementsminister Claude Meisch wëll Agencen déi keng rassistesch Praktiken un den Dag leeë mat engem Label versinn.

"Ech denken awer och un eng Initiativ wéi zum Beispill e Label ze schafe fir déi Agencen, déi ganz besonnesch och eng Politik maachen, wou eeben Hautfaarf, Sprooch, Hierkonft keng Roll soll spillen bei der Vergab vun enger Wunneng."

Bei der Presentatioun vum Aktiounsplang an der zoustänneger Chamberkommissioun huet d’LSAP Deputéiert Claire Delcourt an de lénken Deputéierte Marc Baum kritiséiert, datt de PAN net ob déi intersektionell Diskriminéierung ageet. Intersektionell Diskriminéierung ass wann eng Persoun beispillsweis eng däischter Hautfaarf huet an ee Kappduch dréit – an esou verschiddenen Aart a Weise vun Diskriminéierung gläichzäiteg ausgesat ass.

Den nationalen Aktiounsplang hätt eigentlech scho viru knapps zwee Joer solle verëffentlech ginn. Den DP-Fammilljeminister Max Hahn erkläert de Retard mam Regierungswiessel am Hierscht dat Joer virdrun. 

play_arrow Lauschteren