Mam Slogan "Stand United against the Backlash" war d‘Pride Week dëst Joer e bësse méi politesch wéi soss. Mee wéi steet et ëm d‘queert Liewen zu Lëtzebuerg, wann d'Bünen ofgeriicht an d'Sponsoren d'Pride-Fändele rëm agepaakt hunn?
An der Stad stoung de Rainbow Center am Mëttelpunkt vun de queere Festlechkeeten. Hei goufen et Aktivitéite fir jiddereen. Zum Beispill huet den Zentrum, dee virun 2 Joer opgemaach gouf, jonk an al agelueden, fir zesumme Schëlder fir d‘Pride ze bastelen. Den Event huet Golden Gays geheescht: En gemittlechen, generatiounsiwwergräifenden Nomëtteg. Eppes, wat een op Prides am Ausland seele fënnt.
Net-binär an Trans-Leit, déi sech vläicht an engem kommerzielle Coiffeursalon net wuelfillen, konnte sech am Rainbow Center d‘Hoer schneide loossen, genau esou wéi si et wollten, an an engem inklusiven Ëmfeld.
"Do it Yourself "-Traditioun vun der queerer Communautéit
De Programm hat och d'Groussregioun mat abegraff. La Queerdom, e Kollektiv vun Drag-Kënschtler:innen vu Metz, stellt zum Beispill nach bis September am Rainbow House Konscht vun hire Memberen aus. Matgemaach hunn hei virun allem ganz jonk Leit, an dat ass och an der d‘Konscht reflektéiert, déi zimmlech ongeschlaff ass.
Mee se weist awer virun allem dës "Do it Yourself "-Traditioun vun der queerer Communautéit, déi sech schonn ëmmer hir eegene Plazen an Evenementer geschaaft huet. Eeben och aus der Gewunnecht, datt déi meescht Soiréeën op en heteronormative Public ofgestëmmt sinn.
D'Beardo la Zaubette ass eng franséisch Drag-Queen, déi e laange Rack, e Schiertech a klotzeg Sandalen un huet. Mat hirem laange Baart gesäit si bëssen aus wéi eng net-binäre Versioun vum Johannes Vermeer senger Laitiere.
(Foto: Claire Barthelemy)
De Kollektiv hat um Vernissage och duerno op eng Drag-Show am Café De Gudde Wellen agelueden. Ufänger, déi och heiansdo Baby drag genannt ginn, waren och op der Bün wëllkomm.
Den Owend waren déi Optrëtter vu méi jonken Drag-Artisten an Artistinne manner ausgeschafft, mee d‘Stëmmung war bei allen ausgelooss a ganz frëndlech.
Fir déi, déi gäre Sport maachen, gouf et och rëm de Pride Run an der Stad, bei deem an dëser drëtter Editioun méi wéi 3.000 Leit matgelaf sinn: En neie Rekord.
Et waren esou vill Leit dobäi, datt et och heiansdo zum Stau komm ass, wéi zum Beispill fir rëm erop op den Helleggeescht Plateau. Eng Paus fir d‘Leefer, déi beim waarden alt mol zesumme gesongen hunn.
Réckschléi fir d'Communautéit
Queer Mënschen an hir Frënn, jonk an al, vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun, konnten zesumme wärend der Pride Week Sport, Musek, Konscht a Literatur erliewen. Mee d‘Festivitéiten hunn an engem ugespaanten internationale Kontext stattfonnt. Dem Donald Trump seng Regierung huet zum Beispill Diversitéits- an Inklusiounsinitiativen de Krich erkläert, an a Groussbritannie ginn och Transgenderrechter ofgebaut. Do hu souguer misse méi kleng Eventer wéi de Plymouth Pride wéinst dem Manktem u Sponsoren ofgesot ginn. An an Ungarn gouf d'Pride Parade souguer ganz verbueden.
E Réckschlag, deen et och hei ze spiere gouf, sot Tania Whitehouse, Member vum Verwaltungsrot vu Rosa Lëtzebuerg, déi d‘Pride op d‘Bee stellt.
"Also mir hunn definitiv dëst Joer manner Budget gehat wéi d’lescht Joer. Et si verschidde Sponsoren, déi an de vergaangene Joren dobäi waren, déi lo net méi dobäi waren, déi lo net kloer gesot hunn: 'Mir wëlle keng Pride méi sponsoren', mee sou: 'Jo, dëst Joer ass dat net sou am Budget geplangt.' Also et huet een et scho bësse gemierkt. Et ass lo net ganz un eis laanscht gaang."
De weltwäite politeschen Drock géint queer Rechter gesäit een awer och heiheem, an dee kënnt virun allem vu riets. Et erënnert ee sech un déi Petitioun, déi d‘lescht Joer gefuerdert huet, datt an der Schoul keng Inhalter sollen thematiséiert ginn, déi e Bezuch zu LGBTQIA+-Theemen hunn. An am Wanter gouf et d‘Affär ëm den ADR-Politiker Tom Weidig, deen op Facebook ee Kommentar geliked huet, deen d‘Vernichtung vu queere Mënsche gefuerdert huet.
(Foto: Claire Barthelemy)
Etüd mat erschreckende Resultater
Esou Haassrieden hu konkret Auswierkungen op dat alldeeglecht Liewe vun de queere Mënschen zu Lëtzebuerg. Eng Etüd vum Luxembourg Institute for LGBTIQ+ Inclusioun (LILI) huet viru Kuerzem en erschreckend Bild gezeechent. Do hunn 78 Prozent vu Schwulen an 71 Prozent vu Lesben uginn, datt si an den 12 leschte Méint op d'mannst eemol Affer vu Gewalt oder Diskriminatioun waren. Bei bisexuellen a pansexuelle Mënsche läit dee Prozentsaz bei 64 Prozent a 66 Prozent.
D'Etüd huet och gewisen, datt queer Koppelen zu Lëtzebuerg evitéieren, sech an der Ëffentlechkeet d‘Hand ze halen. Eppes wat fir cis-hetero Leit jo selbstverständlech ass.
"Ech mengen, et sinn einfach vill Leit sech net bewosst, wéi een awer am Alldag nach ëmmer Diskriminatiounen huet. Och wann et Saache sinn, déi net op den éischte Bléck visibel sinn. Se sinn awer do."
A wann et zu Gewalt a Belästegunge kënnt, hunn der Etüd no nëmme ronn 4 Prozent vun den Affer juristesch Schrëtt ageleet. Dat läit däitlech ënner dem europäeschen Niveau an deit op e Manktem u Vertrauen an déi Lëtzebuerger Justiz hin.
Vill queer Leit zu Lëtzebuerg géingen och Zeeche vu komplexem Psychotrauma weisen. Den Institut beschreift dësen Trauma als een, dee sech ëmmer widderhëlt a chronesch ass. Queer Leit wiere virun allem dofir ufälleg, well se net nëmmen direkt kierperlech a psychesch Gewalt, mee och deeglech Ausgrenzungen an Ofleenung erliewen, an hir Identitéit oft a Fro gestallt kréien. Transfraen an Transmänner leiden der Ëmfro no besonnesch ënner Symptomer wéi Erschëpfung, Angscht, Trauregkeet a Schlofstéierungen.
"Aner Länner entwéckele sech weider a mir stinn hei a kucken no"
Den Tom Weidig krut just eng schrëftlech Warnung vu senger Partei, nodeems hien dee queerfeindleche Facebook-Post geliked huet. Queer Mënsche liewen allerdéngs lo mam Wëssen, datt et am Joer 2025 zu Lëtzebuerg Matmënsche ginn, déi sech wënschen, datt si dout wieren.
De gesetzleche Kader ass fir queer Mënschen zu Lëtzebuerg relativ favorabel, mee et ginn nach vill Baustellen, déi vläicht dem allgemenge Public net sou bekannt sinn.
Rosa Lëtzebuerg fuerdert, datt d'Conversiouns-Therapie verbuede gëtt, an datt Transmënschen net méi op eng psychiatresch Diagnos ugewise sinn, fir Zougang op verschidde medezinesch Behandlungen ze kréien. An Intersex-Mënsche sollen net méi direkt als Puppelcher operéiert gi fir se kloer dem männlechen oder dem weibleche Geschlecht zouzeuerdnen.
Aner Länner sinn do méi wäit, wat och dozou gefouert huet, datt Lëtzebuerg an der ILGA Rainbow Map vu Plaz 7 op Plaz 10 erof gerutscht ass.
"Aner Länner entwéckele sech weider a mir stinn hei a kucken no. Et geschitt net souvill wéi an anere Länner."
D'Pride Week suergt fir Visibilitéit, fir dës Problemer nach eemol ervirzehiewen. An dëst Joer hunn och vill queer Leit beim Feieren un de politesche Kontext geduecht.
Eng kloer Fuerderung
D'Pride ass natierlech och een ausgeloossent Fest, wou queer Leit an hir Frënn a Famille kënnen zesumme feieren. Zu Esch waren och vill lokal Leit dobäi, déi mol fir ee Luxringer op d‘Gemengeplaz komm sinn, wärend enger Drag-Show e Kaffi op enger Terrasse gedronk hunn, an d‘Informatiounsstänn besicht hunn.
Déi queer Communautéit "fuerdert d'Recht ze liewen, ze léieren, sech ze gär ze hunn, sech fräi ze beweegen an ze existéieren, ouni sech mussen ze rechtfäerdegen, ze verstoppen oder verdeedegen", esou de Luxembourg Institute for LGBTIQ Inclusioun.
An dat muss och da méiglech sinn, wann de Konfetti wechgekiert ginn ass an d’Sponsoren d’Reebou Fändele rëm agepaakt hunn.