arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geféierlech Entwécklung: Mënscherechter esou a Gefor wéi scho laang net méi

Amnesty International

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Geféierlech Entwécklung: Mënscherechter esou a Gefor wéi scho laang net méi

D'Gefor fir d'Mënscherechter wier esou grouss wéi zënter Joerzéngten net méi, esou d'Warnung vun Amnesty International. Et géif sech net just ëm eng lues Verschlechterung handelen, mee et wier eng direkt Attack op deen internationale Mënscherechtssystem, deen zënter ronn 80 Joer en Place ass.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Pressekonferenz Amnesty International | © Moris Garzaro
Pressekonferenz Amnesty International (Foto: Moris Garzaro)

Virun der Press gouf gëschter betount, datt ëmmer méi Staaten an Acteuren d’Reegele vum internationale Recht ignoréieren an dëst géifen attackéieren, esou den David Pereira, Generaldirekter vun Amnesty International Lëtzebuerg.

Europäesch Unioun wier ze passiv

Si hätten zejoert festgestallt, datt Regierungen an Entreprisen, grad wéi international Gremien, dorënner d'UNO, reegelméisseg dat internationaalt Recht géifen ugräifen. 

"Mächteg Regierungen a gutt finanzéiert transnational Antirechtsbeweegunge gräifen d'Fundamenter vum Mënscherechtsschutz an den internationale Justizsystem direkt un. Weltwäit ware Regierungen a Staate vill ze vill passiv a virun allem och d'Europäesch Unioun." 

Kricher, Attacke géint Zivilgesellschaft an Infrastrukturen, wéi och Repressioun vu Protester an d’Verfollgung vun Aktivisten, hätte weltwäit staark zougeholl.

Aarmut wier ee politesche Choix

Dobäi kënnt, datt international Solidaritéitsbudgeten a villen Länner massive gekierzt gi wieren, wat eng grouss humanitär Nout mat sech bruecht hätt. Den David Pereira kritiséiert virun allem, datt Milliarde géifen a Bombardement gestach ginn. 

"Ob dat elo Gaza oder Iran oder Libanon ass, Aarmut ass keng Fatalitéit. Aarmut ass am Moment wierklech e politesche Choix, deen onnéideg ass, well dat bréngt kengem eppes, einfach nëmme fir expansionistesch Iddien ze ënnerstëtzen."

Amnesty International fuerdert, datt d’Staate méi kloer Stellung huelen. Si sollten internationaalt Recht respektéieren, Krichsverbrieche verfollegen an d’Zivilgesellschaft schützen.

Och den Asaz vun neien Technologien, wéi Kënschtlech Intelligenz, misst besser gereegelt ginn, fir Mëssbrauch ze vermeiden.

Amnesty International Lëtzebuerg gesäit hei op d’Land bezu positiv Entwécklungen, wéi d’Verankerung vum Recht op Ofdreiwung an der Verfassung. Gläichzäiteg ginn et awer Suergen iwwer den Drock op d’Zivilgesellschaft Problemer am Beräich vun der Flüchtlingspolitik an den administrativen Hürde fir ONGen. 

play_arrow Lauschteren