arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronn 3.300 Meedercher a Frae si vun enger weiblecher Genitalverstümmlung betraff

UNICEF

|
reading time

1 min

Ronn 3.300 Meedercher a Frae si vun enger weiblecher Genitalverstümmlung betraff

Aus der Etüd vum Kannerhëllefswierk UNICEF geet ervir, datt vun deenen 3.300 ronn 1.100 Meedercher am Alter tëschent 0 an 19 Joer al sinn. Dobäi handelt et sech ëm Fraen a Meedercher, déi aus engem Land kommen, wou Genitalverstümmlung verbreet ass oder deenen hir Elteren aus esou engem Land kommen.

reading time

1 min

Pressekonferenz UNICEF | © Moris Garzaro
Pressekonferenz UNICEF (Foto: Moris Garzaro)

D’Etüd baséiert sech op statistesch Schätzungen, well et keng exakt Donnéeë ginn.

UNICEF betount, datt an dem Kader méi sensibiliséiert misst ginn an och méi Date misste gesammelt ginn. Duerch eng verstäerkte Formatioun fir Fachpersonal am Asyl-, Sozial- a Gesondheetsberäich kéinten d’Risike besser erkannt ginn.

Preventioun a Sensibiliséierung

Genitalverstümmlung ass zu Lëtzebuerg gesetzlech verbueden a gëllt och als Strofdot, wann et am Ausland duerchgefouert gëtt. D’UNICEF recommandéiert, d’Preventioun, de Schutz an d’Betreiung zu Lëtzebuerg ze verbesseren, esou d’Alexandra Gardeur vun UNICEF. 

"Autant dans le monde de la santé que dans le secteur social en général. Dans le monde judiciaire aussi et au niveau de l'asile et de la migration." 

Och d'Frae misste sensibiliséiert ginn. 

"Sur le risque de persécution, sur le fait qu'elles peuvent invoquer la question des mutilations génitales à l'appui de leur demande de protection internationale, que ça peut être invoqué pour les femmes, pour les filles qui sont à risque, évidemment."

Et missten och méi Donnéeë gesammelt ginn, och um Niveau vun de Professionellen, a grad an der Direktioun vun der Immigratioun, esou d'Alexandre Gardeur.