arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ASTI fuerdert eng Regulariséierung vun de Mënschen, déi keng Pabeieren hunn

Migratioun

|
reading time

1 min

D'ASTI fuerdert eng Regulariséierung vun de Mënschen, déi keng Pabeieren hunn

D'ASTI seet, dobäi kéint een nom Beispill vu Spuenie fueren. Do huet d'Regierung decidéiert tëschent 500.000 an 800.000 Mënschen ze regulariséieren, déi vun Dezember 2025 un agereest sinn an op d'mannst zënter fënnef Méint a Spuenie liewen.

reading time

1 min

A Spuenie stoungen d'Leit Schlaang fir hir Pabeieren | © EPA/Enric Fontcuberta
A Spuenie stoungen d'Leit Schlaang fir hir Pabeieren (Foto: EPA/Enric Fontcuberta)

D'ASTI fuerdert, datt dat och zu Lëtzebuerg gemaach gëtt. Och hei géifen Dausende vu Mënsche liewen a schaffen, déi keng Pabeieren hunn an domat och keng Rechter, kee Schutz a keng Perspektiven. 

Déi lescht aussergewéinlech Regulariséierung war 2013, also virun 13 Joer. Deemools ware 540 Persoune regulariséiert ginn. D'ASTI appelléiert un de politesche Courage: ouni Regularisatioun wier d'Reform vum Immigratiounsgesetz, dat jo um Instanzewee ass, net komplett a virun allem, vu Grond op ongerecht.