arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UN-Resolutioun zum Sklavenhandel: Frankräich wëll keng Hierarchie vu Verbrieche

Frankräich

|
reading time

1 min

UN-Resolutioun zum Sklavenhandel: Frankräich wëll keng Hierarchie vu Verbrieche

Am Kader vun der UN-Resolutioun zum Sklavenhandel, huet Frankräich elo argumentéiert keng Hierarchie vu Verbrieche géint d’Mënschlechkeet maachen ze wëllen. Dat mellt déi franséisch Presseagence AFP. 

reading time

1 min

© UN Photo
(Foto: UN Photo)

Viru genau engem Mount, hat eng UN-Resolutioun, déi Ghana an d‘UNO-Generalversammlung abruecht hat, festgehalen datt den transatlantesche Sklavenhandel dat schwéierst Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet gewiescht wier. 123 Staaten hunn dës Resolutioun ugeholl. 

Den Handel an d’Versklavung vu Mënschen aus Afrika, deen iwwer puer Joerhonnerten gedauert huet wier Opgrond vum “déifgräifende Broch an der Weltgeschicht, senger Dauer, dem systematesch Charakter, der Brutalitéit a senge Repercussioune bis haut, dat schlëmmste Verbriechen un der Mënschheet. Esou steet et am Resolutiounstext. 

Sozial Medien: Sklavenhandel vs. Holocaust

Dräi Länner hunn dogéint gestëmmt. D‘USA, Israel an Argentinien. Déi aner Länner, ënner hinne vill europäesch Länner an och Lëtzebuerg, hu sech enthalen.

Tëschent dem 15ten an dem 19ten Joerhonnert sinn 12-15 Millioune Mënschen aus verschiddenen afrikanesche Länner gefange geholl an als Sklaven an Nord-Mëttel a Südamerika verschleeft ginn. 

Op Grond vun dëser Resolutioun war ënnert anerem an de Soziale Medien diskutéiert ginn op de Sklavenhandel oder den Holocaust méi schlëmm waren.