Radioen

On air

Moiesstudio  |  Martine Solovieff

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ULC: Banken hu Rekordgewënn wärend Clientë weider ënner héijen Zënse leiden

Konsumenteschutz

ULC: Banken hu Rekordgewënn wärend Clientë weider ënner héijen Zënse leiden

Lëtzebuerger Banke verzeechne Rekordgewënner, op Käschte vun de Clienten. Dat kritiséiert de Konsumenteschutz an engem Communiqué. D‘lescht Joer hätten d‘Banken, haaptsächlech wéinst der grousser Zënsmarge, en historeschen Nettobenefice vu 6,6 Milliarden Euro gemaach.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

D‘Clientë géife weider ënnert den héijen Zënse leiden an am Ree stoe gelooss ginn, sou d‘ULC. Si fuerdert ënner anerem, datt verschidde Basis-Servicer, wéi Suen ophiewen oder Iwwerweisungen um Schalter, op d‘mannst fir eng gewësse Kéieren, gratis ginn.

D‘Banke sollen hir Zënsmarge méi kleng maachen an d‘Clienten entlaaschten. D‘ULC fuerdert och d‘Politik an d‘Reguléierungsinstituter op, Drock an deem Sënn op d‘Banken ze maachen.