Wat ee mierke géing, erkläert d'Martine Solovieff, dat ass datt ëmmer méi Remise gefrot ginn.
"De Parquet probéiert ëmmer schonn am Virfeld een Datum mat den Affekoten auszemaachen, fir eebe just d'Remisen ze verhënneren. Da kënnt awer am leschte Moment e Mëssel, sief et, datt den Affekot keng Zäit huet oder krank ass, sief et, datt den Zeien net ka kommen, de Beschëllegte beemol den Affekot changéiert."
D'Ursaache sinn also ganz verschidden, betount d'Martine Solovieff. An et wier leider een Trend ze erkennen, datt ëmmer méi Affären ausgesat géinge ginn. Iergendwellech Abusen, déi opfale géifen, géing een awer direkt beim Barreau mellen, esou nach d'Procureure générale.
De John Petry gëtt den 1. Februar neie Procureur général d‘Etat. Hie war bis elo Adjoint.