Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Orion Sun - Nights Like This

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Kontroll vun der Ombudsmann am Prisong Uerschterhaff

Punktuell Verbesserunge méiglech

Éischt Kontroll vun der Ombudsmann am Prisong Uerschterhaff

Generell ass d‘Ombudsman zefridde mat der Situatioun am Prisong Uerschterhaff, et géifen awer punktuell Verbesserunge ginn. Dat huet d‘Claudia Monti no hirer éischter Kontroll am neie Prisong zu Suessem festgehalen.

auto_stories

1 min

Foto: radio 100,7

Kritik gouf et zum Beispill un der Promenade fir d‘Detenuen um relativ ongeschützten Daach. Och den Transport vu Prisonéier misst iwwerduecht ginn.

Fir d‘Polizisten ze entlaaschten, déi dës Transporter assuréieren, proposéiert d‘Ombudsman, datt d‘Magistratur sech méi dacks kéint an de Prisong deplacéieren, zum Beispill fir Verhéier, amplaz datt d‘Prisonéier hin an hier gefouert ginn.

D‘Claudia Monti huet och kritiséiert, datt de Gesetzesprojet iwwer d‘Reform vum Prisongssystem vun 2018 nach ëmmer net ëmgesat gouf.