Radioen

On air

9 bis 1  |  natur musée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg soll zum EU-Virreider bei de Cloud-Servicer ginn

Digitalisatioun

Lëtzebuerg soll zum EU-Virreider bei de Cloud-Servicer ginn

Gëschter um Donneschdegmëtteg huet d’Ministesch fir Digitalisatioun Stéphanie Obertin zesumme mat LUXConnect a mat Proximus Lëtzebuerg e Kontrakt ënnerschriwwen, fir eng nei Cloud fir de Staat anzeféieren. Déi gëtt vun der Entreprise Clarence gestallt.

auto_stories

1 min

Foto: MinDigital

D’Cloud, déi als eng Erweiderung vun der scho bestoender Govcloud dénge soll, géif Virdeeler mat sech bréngen, sou d’Stéphanie Obertin.

“Et ass méi en einfachen Accès op Technologië wéi KI a modern Cloud-Servicer. D'Rechecapacitéit ka flexibel a schnell ugepasst ginn. D'Donnéeë ginn op Lëtzebuerger staatlech national Datenzentere gespäichert an et ass ons och hei wichteg, datt den nationalen an europäesche GDPR-Norme gerecht si ginn."

Dës Cloud wier komplett deconnectéiert vum Internet an sou hätt een eng grouss Maîtrise iwwer d'Datesécherheet. Mat dësem Partenariat ass de Lëtzebuerger Staat e Virreider an der EU, esou d'Ministesch.

De Kontrakt leeft op 5 Joer a kascht de Staat zwou Milliounen Euro d’Joer. An enger digitaler Welt, déi sech virun allem mat der KI ëmmer weider entwéckelt, wier et wichteg, sou Investissementer ze tätegen, sou nach d’Stéphanie Obertin.