Anescht wéi den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo dat an der Chamber ugekënnegt hat, hätt d'Regierung haut hir Positioun net duergeluecht, esou de Michel Reckinger vum Patronatsverband UEL an d'OGBL-Presidentin Nora Back.
Fir de Michel Reckinger misst d'Aarbechtsrecht moderniséiert ginn, fir d'Realitéit vun der Aarbechtswelt am Aarbechtsrecht zeréckzeginn. Dozou géif och gehéieren, datt e Salarié méi wéi eng onbezuelte Paus pro Dag kéint maachen - dat wier haut net méiglech.
"D'Realitéit um Terrain weist erëm eng Kéier, datt et mat enger Paus pro Dag net duergeet. Een dee moies doheem schafft an dann op d'Aarbecht fiert, fir dann op der Aarbecht ze schaffen an da mëttes heem fiert, fir do owes nach eng Kéier eppes doheem ze maachen, dat ass haut net machbar. Et geet hei ëm eng Modernisatioun vum Aarbechtsrecht, well d'Aarbecht haut anescht ass, wéi se fréier war. Et geet net dorëm iergendengem eppes ewechzehuelen, mee et muss der Realitéit vun haut gerecht ginn an net deem, wat virun 20, 50 oder 100 Joer richteg war. Dat ass haut net méi de Fall."
Dat wat si géife proposéiere wier "common sense", esou nach den UEL-President Michel Reckinger.
Gewerkschafte sinn anerer Meenung
D'Gewerkschafte gesinn dat anescht. Fir si misst et bei enger onbezuelter Paus pro Aarbechtsdag bleiwen, esou d'Reaktioun vun der OGBL-Presidentin Nora Back.
"Ech ginn Iech d'Beispill vun enger Botzfra, déi op siwe Chantieren an engem Dag schafft, wann déi sech tëschent zwee Chantiere beweegt,datt dat net als Aarbechtszäit unerkannt géif ginn oder eng Infirmière bei Hëllef doheem, déi geet vu Client zu Client an dertëschent, wier dat keng Aarbechtszäit? Dofir musse mir eis hei ganz staark wieren."
Mëtt Januar soll eng weider Reunioun sinn, op där d'Ministere vun CSV an DP getrennt mat de Gewerkschaften a mam Patronat diskutéieren.
Gemeinsam Gespréicher am Comité permanent du travail et de l'emploi sinn am Moment net méiglech, well d'Gewerkschaften net méi dohi ginn. Dat aus Protest wéinst deene schwierege Gespréicher an de leschte Méint mam CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo.