D'Beschäftegung géif zwar nach zeréck goen, dee Réckgang wier awer a méi engem moderate Rhythmus, huet den Aarbechtsminister ënnerstrach. Änlech Erausfuerderungen hätt een och am Industriesecteur.
"De Statec huet am September 2024 drop higewisen, datt d'Industrieproduktioun am drëtte Quartal 2024 wéinst engem niddrege Vertrauen zréckgaangen ass. Am Juni 2024 hat bal d'Hallschent vun den Industriebetriber e Mangel un Nofro gemellt an eng Entwécklung, déi d'Onsécherheet fir Ufank 2025 weider verstäerkt. An de rezenten Analysen aus dem Juli 2025 gesi mer eng liicht Verbesserung vun den Aarbechtsmaartaussiichten, mee d'Industrie selwer bleift an enger Phas vu Ralentissement, méi schwaach Produktioun, stagnéierend oder liicht réckleefeg Beschäftegung an e fragilt Vertrauen."
Dëst wiere keng fatalistesch Entwécklungen, esou de Georges Mischo. Elo misst ee geziilt an zesumme mat all de Partner deem entgéint wierken. Genee aus deem Grond géif d'Adem spezifesch sektoriell Formatiounen ubidde fir d'Beschäftegung an der Industrie nees no uewen ze kréien, sot den Aarbechtsminister.