Radioen

On air

De Weekend  |  Modjo - Lady (Hear Me Tonight)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thüringen: CDU féiert Sondéierungsgespréicher mat SPD a BSW

Zesummenaarbecht mat AfD kéim net a Fro

Thüringen: CDU féiert Sondéierungsgespréicher mat SPD a BSW

An Thüringen huet d’CDU elo de Wee fräigemaach fir éischt Gespréicher mam Bündnis Sahra Wagenknecht (BSW) a mat der SPD en vue vun enger Regierungsformatioun ze féieren. Et géif sech awer nach net ëm Koalitiounsgespréicher handelen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / foto2press | Steffen Proessdorf
Foto: picture alliance / foto2press | Steffen Proessdorf

De Moment wieren et nëmme Sondéierungsgespréicher, heescht et vum CDU-Generalsekretär vun Thüringen Christian Herrgott. Ausserdeem huet hien nach eemol betount, datt eng Zesummenaarbecht mat der AfD net a Fro kéim. Déi war bei de Landtagswahlen dëse Weekend an Thüringen stäerkste Kraaft ginn. Et géif een um Ufank vun engem laangen an intensive Prozess stoen, esou nach de Christian Herrgott.