Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Carole Thoma: Opruff zu Gewalt ass eng Strofdot

Facebook-Kommentar vun ADR-Member

Carole Thoma: Opruff zu Gewalt ass eng Strofdot

Wéinst engem Facebook-Kommentar vum ADR-Member Alain Hoffmann huet d’Carole Thoma eng Plainte wéinst Opruff zu Gewalt gemaach. Dat hat d’Spriecherin vun déi Lénk gëschter matgedeelt. Et misst een däitlech maachen, datt den Internet kee rechtsfräie Raum ass.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

Carole Thoma | © Jo Diseviscourt play_arrow

Den ADR-Politiker hat am Kontext vun der Remigratiouns-Debatt an Däitschland, enger Ausso vum DP-Fraktiounschef Gilles Baum, an enger Reaktioun vun der Carole Thoma bei RTL dorop, ënner anerem geschriwwen “Et sollen emol Lénker erstach ginn (...)”.

Wéinst dem Facebook-Post huet d’ADR-Parteipresidentin fir haut an der Mëttesstonn een ausseruerdentlechen Exekutivcomité zesummegeruff. Bei der Sitzung vum ADR-Nationalcomité ee Méindeg den Owend, ass dëse Punkt zousätzlech dobäi komm, huet d’Alexandra Schoos dem 100,7 de Moien op Nofro matgedeelt.

Carole Thoma: „Den Internet ass kee rechtsfräie Raum“

Zanter gëschter ass gewosst, datt d’Spriecherin vun déi Lénk eng Plainte géint den Auteur vum Facebook-Kommentar Alain Hoffmann gemaach huet. Der Carole Thoma no, géif et dorëm goen, datt de Parquet sech déi Saach ukuckt.

Si selwer geet dovun aus, datt dat eng Strofdot ass an entspriechend Konsequenze gezu ginn.

Et ass natierlech och einfach drëm gaange fir nach eng Kéier kloer ze weisen, datt den Internet kee rechtsfräie Raum ass. An dass et eben och do eng Strofdot ass, wann een zur Gewalt oprifft.“

D’Carole Thoma weist sech schockéiert, datt nom Facebook-Kommentar bis elo keng offiziell Stellungnam vun der ADR komm wier. Fir de Recht misst all Partei selwer wësse, wéi si mat esou Saachen ëmgeet.

D‘ADR huet eng gewëssen Entwécklung gemaach“

2017 hat den ADR-Nationalcomité den deemolege Member Joé Thein aus der Partei ausgeschloss, wéinst sengem Like ënnert engem Facebook-Post, mat enger Uspillung op den Doud vum John F. Kennedy an deem den deemolege Minister Jean Asselborn och esou een Doud gewënscht kritt hat. D’ADR hätt zënterhier ee wäite Wee gemaach, bedauert d’Spriecherin vun déi Lénk.

Wann ee kuckt, wat deemools vu Konsequenze gezu gi sinn, just op Grond vun engem Like bei engem Kommentar a wann ee gesäit, dass elo d’Memberen a Kandidate vun der ADR esou Saache selwer schreiwen, an et dauert an et dauert, bis datt eng Reaktioun kënnt, da mengen ech schonn, datt d’ADR eng gewëssen Entwécklung gemaach huet, an net an déi gutt Richtung.“

D’Ausso vum ADR-Member a Kandidat bei de Gemengewalen 2023 zu Diddeleng Alain Hoffmann op der Facebook-Säit vun RTL wier fir si “net verständlech an net novollzéibar”, huet d’ADR-Parteipresidentin Alexandra Schoos eis op Nofro hin erkläert.

Lauschterenplay_arrow

ADR mécht parteiintern Analys

Nom ëmstriddene Facebook-Kommentar vum Alain Hoffmann wëllt d’ADR eng parteiintern Analys maachen. Dat gouf de Freideg am ausseruerdentlechen Exekutivcomité decidéiert. Do wier och decidéiert ginn, d’Causa Alain Hoffmann ee Méindeg den Owend an der Sitzung vum ADR-Nationalcomité ze diskutéieren, esou de Mëtteg op eis Nofro d’Parteipresidentin Alexandra Schoos. Wéinst der lafender Analys kéint si de Moment keng weider Froen dozou beäntwerten.

Carole Thoma: Och RTL huet hei eng Verantwortung

Dowéinst huet d’Spriecherin vun déi Lénk Carole Thoma eng Plainte wéinst Opruff zu Gewalt géint den Auteur vum Post gemaach. Bei Kommentaren op soziale Medien, wieren och déi klassesch Medien an der Verantwortung, esou an dësem Kontext d’Carole Thoma.

"Ech verstinn, dass dat net ganz einfach ass, grad fir RTL, déi immens vill Leit hunn, déi bei hinne kommentéieren, fir dat mat ze moderéieren. Mee grad bei problemateschen Artikelen - an hinne war bewosst, datt dat heiten ee problemateschen Artikel war, well si zum Beispill och d’Kommentarfunktioun op rtl.lu ënnert deem Artikel blockéiert hunn - ech mengen do musse se dann déi Saachen och op Facebook méi am Ae behalen. (...)"

Soubal problematesch Kommentarer opdauchen, misste se geläscht ginn, fuerdert d’Carole Thoma. “Mee ech mengen, datt et ass un RTL wier, do eng Plainte ze maachen”, esou nach d’Spriecherin vun déi Lénk.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft