Radioen

On air

9 bis 1  |  Destroyer - Savage Night At The Opera

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Südkoreanesche President gouf a senger Residenz festgeholl

Politik

Südkoreanesche President gouf a senger Residenz festgeholl

De suspendéierte südkoreanesche President soll elo vun den Enquêteure verhéiert ginn. De Yoon Suk Yeol kritt Opstand virgehäit nodeems hien ugangs Dezember fir eng kuerz Zäit d‘Krichsrecht imposéiert a nees opgehuewen hat.

auto_stories

1 min

© Flickr / Kang Min Seok
Foto: Flickr / Kang Min Seok

Iwwer 3.000 Polizisten a Membere vum Anti-Korruptiouns-Büro waren am fréie Moie bei d‘Residenz vum President komm fir hie festzehuelen. Seng Sécherheetsleit konnten dat dës Kéier net verhënneren.

Südkorea ass an enger politescher Kris. De President war de 14. Dezember vum Parlament ofgesat ginn. D‘Verfassungsgeriicht muss elo decidéieren, ob déi Ofsetzung legal war. De Geriichtsprozess hat den Dënschdeg ugefaangen, mee war no e puer Minutten nees ofgebrach ginn, well de Yoon net op d‘Geriicht koum.