Radioen

On air

Moiesstudio  |  Luxtrust Token

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Südkoreanesche President wëll juristesch géint Festnahmvirwërf virgoen

Politik a Justiz am Konflikt

Südkoreanesche President wëll juristesch géint Festnahmvirwërf virgoen

De suspendéierte südkoreanesche President Yoon Suk Yeol huet ugekënnegt, haut juristesch Schrëtt ënnerhuelen ze wëllen, géint déi Bedeelegt um gescheiterte Versuch vu senger Festnam.

auto_stories

1 min

© Flickr / Kang Min Seok
Foto: Flickr / Kang Min Seok

Wéi d‘Noriichtenangence Yonhap mellt, plangt säin Affekot, eng Plainte géint déi ronn 150 Persounen anzereechen, dorënner och de Chef vun der südkoreanescher Anti-Korruptiounsautoritéit.

Versuch vun der Festnahm blockéiert

Dës hat e Freideg probéiert, de Yoon Suy Yeol a senger Residenz festzehuelen, fir hie wéinst dem kuerzzäitegen Ausruffe vum Krichsrecht virun engem Mount ze verhéieren. Iwwer 200 Zaldoten haten dëst awer blockéiert.

Der Noriichtenagence Yonhap no kéint et schonn haut zu engem neie Versuch kommen, de Yoon Suk Yeol festzehuelen. Am Fall vu senger Festnam hätten d’Enqueteuren 48 Stonnen Zäit, fir hien ze verhéieren an iwwer seng weider Haft ze decidéieren.

Demonstratioune virum Presidentepalais

Zanter Deeg ginn et Demonstratioune virum Presidentepalais zu Seoul, souwuel vu Supporter wéi och vu Géigner vum suspendéierte President.