Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Herbert Kickl invitéiert d'ÖVP fir Koalitiounsgespréicher a stellt Konditiounen

Éisträich

Herbert Kickl invitéiert d'ÖVP fir Koalitiounsgespréicher a stellt Konditiounen

An Éisträich huet de Chef vun der rietspopulistescher FPÖ Herbert Kickl déi konservativ ÖVP zu Koalitiounsgespréicher invitéiert. Dat huet hien de Mëtteg an enger ëffentlecher Ried erkläert, nodeems hien de Méindeg den Optrag fir d’Bildung vun enger neier Regierung krut.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / dts-Agentur | -

Et géif een der konservativer ÖVP eng zweet Chance ginn, och wa se direkt no de Walen net hätt wëlle mat der FPÖ koaléieren.

Fir datt awer wierklech eng Koalitioun entsteet, stellt den Herbert Kickl Konditiounen.

Den Herbert Kicklplay_arrow

"Klar ist für mich auch, keine Spielchen, keine Tricks, keine Sabotage, keine Quertreiberei und keine Politik um des Machterhalts Willens, sondern eine Politik für eine echte Veränderung, für einen Wiederaufbau und für den Beginn einer neuen Ära. Wenn das nicht gewährleistet ist, meine sehr geehrten Damen und Herren, dann kann ich sagen: ‚ja dann war es das auch schon wieder’. Da habe ich eine ganz, ganz klare Position und das sollen alle von Anfang an wissen. Dann gibt es eben Neuwahlen."

Neiwale wieren fir d’FPÖ kee Genéckbroch – am Geigendeel. De Walgewënner huet zënter der Wal am September an de Sondagë weider zougeluegt. Des Weideren huet den Hebert Kickl nach gesot, datt een eng éierlech Politik fir Éisträich bräicht, fir d’Land nees opzebauen, nodeems déi viregt Regierung et a sou vill Scholde gedriwwen hätt. Déi viregt Regierung an Éisträich huet aus der ÖVP an deene Grénge bestanen.