Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mobilitéitsministère: Reduzéierung vu Piloten a Pilotinne just ee Projet, deen iwwerpréift gëtt

No Aussoe vum LCGB

Mobilitéitsministère: Reduzéierung vu Piloten a Pilotinne just ee Projet, deen iwwerpréift gëtt

De Mobilitéitsministère reagéiert op Aussoe vum LCGB iwwer eng Reduzéierung vun der Unzuel u Piloten a Pilotinnen am kommerzielle Fluchverkéier. Deemno géif et sech hei nëmmen ëm ee Projet handelen, deen aktuell vun der europäescher Agence fir Fluchsécherheet iwwerpréift gëtt.

auto_stories

1 min

Et géif also nach näischt ginn, wat vun der Mobilitéitsministesch direkt ëmgesat géif ginn, wéi den LCGB et fälschlecherweis weiderginn hätt, esou d'Prezisioun vum Ministère an engem Communiqué. 

D'EASA géif aktuell eng ëmfaassend Analys iwwer eng méiglech Reduzéierung vun de Pilote wärend bestëmmte Fluchphasen duerchféieren. Weider preziséiert de Ministère, datt et trotzdeem nach ëmmer zwee Piloten am Fliger gi wäert, vun deenen een um Steier setzt. Dëst neit Konzept géif och nëmme Laangstreckeflich betreffen.

Soubal déi entspriechend Analyse virleien, géif et och Gespréicher mat de concernéierten Acteure ginn, esou nach de Mobilitéitsministère an engem Communiqué.

LCGB: Et misst trotzdeem mat allen Acteuren diskutéiert ginn

Den LCGB reprochéiert elo dem Mobilitéitsministère, net verstanen ze hunn, ëm wat et eigentlech bei deem Projet geet.

Wann et ëm d‘Sécherheet vun de Passagéier an der Crew geet, och wann et réischt e Projet wier, da misst mat allen Acteuren diskutéiert ginn. Dat wier am Moment awer net de Fall.