Radioen

On air

De Weekend  |  Wild Nothing - Headlights On Feat. Hatchie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lisa Zangarini : Jonk Medezinner:inne sinn iwwerschafft a ginn net genuch bezuelt

Gesondheet

Lisa Zangarini : Jonk Medezinner:inne sinn iwwerschafft a ginn net genuch bezuelt

Et ginn net genuch Dokteren an Dokteschen zu Lëtzebuerg an dofir ginn déi zukünfteg, déi nach an der Spezialisatioun sinn, gebraucht fir d’Lächer ze stoppen. Déi sougenannte MEVS, Médecins en voie de spécialisation, beschwéiere sech iwwert hir Aarbechtskonditiounen: Vill Iwwerstonnen, Iwwermiddung a keng gutt Bezuelung sinn e puer vun de Kriticken.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Op laang Dauer wéilt een ee „statut unique“ wech vun engem falschen Independant, erkläert d'Lisa Zangarini, d'Presidentin vun der ALMEVS (Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation). Dat géif et a kengem anere Land wéi zu Lëtzebuerg ginn.

Iwwerdeens fuerdert d‘Associatioun och eng systematesch Bezuelung vun de Garden.

„D'Garden, déi gehéieren zum Beruff dozou an et ass gutt, dass mer déi kënne scho maachen als jonk Dokteren, datt mer do Erfarung kënne sammelen, mee all Aarbecht soll am Fong och bezuelt ginn“

Och an de Spideeler missten all Dokteren an Dokteschen hir Kontrakter an iwwerhaapt de Code du Travail respektéiert ginn. Eppes wat an der Medezin, historesch gesinn, net ëmmer de Fall wier.

An Däitschland si jonk Medezinner:innen ënner Kollektivvertrag

E MEVS, dee 6 Joer Etuden hannert sech huet, kritt e Basis-Salaire vu 4.000 Euro Brutto, erkläert d’Lisa Zangarini, d’Presidentin vun der ALMEVS am 100,7-Interview.

„Viru 5 Joer waren dat nach eng Kéier gutt 1.000, 2.000 Euro manner pro Mount. Dat heescht do sinn oft d‘Argumentatioun, datt et jo lo scho gehuewe gouf.“

Dat sinn awer nach ëmmer nëmmen 1.000 Euro méi, wéi de Mindestloun an och vill manner, wéi zum Beispill déi zukünfteg Dokteren an Dokteschen an Däitschland. Do wiere jonk Medezinner:innen och ënnert engem Kollektivvertrag agestallt, erkläert d‘Lisa Zangarini.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview