Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paul Hammelmann: 30 Stonnekilomeeter an den Dierfer braucht Courage

Sécurité routière

Paul Hammelmann: 30 Stonnekilomeeter an den Dierfer braucht Courage

Eng Vitesslimitatioun vun 30 Stonnekilometer an den Dierfer ass fir de Paul Hammelmann, eng vun de wichtegste Stellschrauwe fir méi Sécherheet op de Stroossen. Et bräicht politesche Courage fir dat duerchzesetzen, esou den nach-President vun der Sécurité routière.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Aktuell läit ee Fuerderungskatalog vir, deen nach duerch de Regierungsrot muss, mee d‘Fuerderung vum Tempo 30 wier do net dra virgesinn, wat de Paul Hammelmann bedauert.

Tempo 30 net op Ëmgeeungsstroossen

Déi Vitesslimitatioun géif déi Plaze betreffen, op deene Foussgänger:innen, Vëlosfuerer:innen an Autosfuerer:inne sech begéine géifen. Sou wéi dat och zu Bréissel oder Paräis scho gemaach gëtt a funktionéiert, betount de Paul Hammelmann. Een Tempo 30 op deene Plazen hätt vill Avantagen.

"Déi Chiffere komme vum belschen Institut Vias, wat e renomméierten Institut ass. E Pieton huet bei Tempo drësseg eng Chance de survie vu 25 Prozent. Bei Tempo 50 huet en nach just eng Chance de survie vun 53 Prozent a bei Tempo 60 vun 20 Prozent."

Ausserdeem fuerdert den nach-President vun der sécurité routière méi streng Mesurë géint kriminellt Behuelen op de Stroossen.