Radioen

On air

De Moien  |  Seed To Tree - Unconcerned

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​​​​​​​Déi véier grouss Parteien iwwer d'Fro: Méi oder manner Staat?

Elefanteronn

​​​​​​​Déi véier grouss Parteien iwwer d'Fro: Méi oder manner Staat?

​​​​​​​Déi véier national Spëtzekandidaten a Spëtzekandidatinnen hunn an eiser Table Ronde virun de Chamberwale vun dësem Sonndeg Ënnerscheeder an der Logements- a Klimapolitik kloer gemaach: Wärend den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden méi op de fräie Marché a manner op contraignant Mesurë setzt, setzen d'Vertrieder vun der aktueller Dräierkoalitioun tëscht blo-rout-gréng méi op d'Responsabilitéit vun der ëffentlecher Hand.

auto_stories

3 min

headphones

41 min

Luc Frieden, Paulette Lenert, Sam Tanson, Xavier Bettel | © Chris Zeien play_arrow
Luc Frieden (CSV), Paulette Lenert (LSAP), Sam Tanson (déi Gréng), Xavier Bettel (DP) (Foto: Chris Zeien)

Lauschterenplay_arrow

De Luc Frieden (CSV) ass der Meenung, datt de Staat eleng d'Situatioun um Wunnengsmaart net gereegelt kritt. Et misst ee sech elo all d'Mëttele ginn, och Steiervirdeeler fir de private Marché. Dës kéinte lo mol just op e puer Joer ugesat ginn. De Klimawandel wier fir d'CSV e wichtege Sujet. "Fakt ass, datt mer eis mussen ustrengen. Mee um Wee dohi ginn et ënnerschiddlech Attitüden", esou de Luc Frieden, deen net mengt, datt een de Leit eppes misst imposéieren déi nächst fënnef Joer. De gréissten Deel vun de Lëtzebuerger wier sech dem Kampf géint de Klimawandel bewosst.

Logement: De Xavier Bettel wëllt mat de Gemengen "zesumme kommen"

Och de liberale Spëtzekandidat Xavier Bettel, Premierminister zënter zéng Joer, plädéiert an der Logements- a Klimapolitik net reng fir Mesuren, déi de fräie Maart ënnerstëtze géifen. Fir d'Offer u Wunnengen ze vergréisseren an d'Präisser ze bremsen, wier et "dat Wichtegst, mat de Gemengen zesummen ze kommen". Am Beräich Klimaschutz wëll de Xavier Bettel op Ureizer setzen, déi d'Leit zu engem fräiwëllegen Ëmdenke bréngen. Mee dat wier och kompatibel mat contraignante Mesuren, wéi zum Beispill datt ee bei Neibaute just nach klimafrëndlech Technologien asetzen dierft.

Sam Tanson: Gemenge méi an d'Responsabilitéit huelen

D'Sam Tanson, Spëtzekandidatin vun déi gréng, mengt am Klimaschutz géif et ouni contraignant Mesurë goen, mee wann d'Ziler net géifen erreecht ginn, wieren och aner Decisioune méiglech. D'Zil vum aktuelle Koalitiounspartner vun DP an LSAP wier et net "fir d'Leit ze drangsaléieren". Am Wunnengsbau huet d'Sam Tanson e klore Plädoyer gemaach fir datt de Staat an d'Gemenge méi Responsabilitéit iwwerhuelen: Mat den d'Akzenter, déi d'Regierung an de leschte Joren ugefaangen hätt ze setzen, kréich een eng Mainmise op d'Präisser. Dem Luc Frieden seng ugeduechte Mesuren, déi haaptsächlech de private Secteur encouragéiere soll méi ze bauen an z'investéieren, wieren "definitiv net de richtege Wee". Wéi de Luc Frieden a viregte Regierunge Finanzminister war, hätten d'Wunnengspräisser sech a siwe Joer verduebelt, esou d'Sam Tanson.

Lenert iwwert Logement: Änlech Téin wéi d'DP an déi Gréng

Déi sozialistesch Spëtzekandidatin Paulette Lenert ass och der Meenung, datt de Staat an d'Gemenge massiv an de Wunnengsmaart investéiere missten. Fir déi wier et natierlech méi einfach, net misse Benefice ze maachen. Och d'Paulette Lenert sot, dem Luc Frieden seng ugeduechte Mesurë wieren net d'Léisung. Am Klimaschutz sot d'Paulette Lenert, contraignant Mesure kéinten och eng Hypothees si wann een net géif op der geplangter Trajectoire bleiwen.

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Edukatioun
Logement
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Interview
Noriichten
Ëmwelt