Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ofschafe vun de Walbezierker an dem traditionelle Schoulsystem

Volt Lëtzebuerg

D'Ofschafe vun de Walbezierker an dem traditionelle Schoulsystem

Méi Europa an d'Bierger stäerken: dofir stéing d'Partei Volt Lëtzebuerg, esou hire Vize-President Philippe Schannes hei um radio 100,7. Hie kandidéiert am Bezierk Oste fir d'Partei, déi Enn 2018 gegrënnt gouf, an also elo eng éischte Kéier bei Chamberwalen untrëtt. Op verschiddene Sujeten huet d'Partei ganz genau Virstellungen.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

3 min

Philippe Schannes | © Chris Zeien play_arrow

Sou ass Volt Lëtzebuerg fir een eenzege Walbezierk bei de Chamberwalen, a fir d'Walrecht vu EU-Auslänner, déi zënter fënnef Joer ouni Ënnerbriechung hei am Land liewen. Ass de Philippe Schannes der Meenung, datt d'Stëmmung an der Tëschenzäit esou ass, datt et eng Majoritéit fir dës Fuerderung kéint ginn?

"Ech mengen, leider net: ech bezweifelen et. Also nodeem ech de Referendum gesinn hat, muss ech leider soen: d'Leit hu sech do net grouss geännert. Mee et ass awer eppes, wat mir ëmmer oprecht erhalen, einfach eleng duerch d'Statistiken: also wann ech einfach bedenken, datt bal d'Hallschent vum Land net wiele kann, a wa vun där Hallschent - 47 Prozent Auslänner - 80 Prozent aus EU-Länner kommen, da wier et wierklech einfach ze soen: 'Komm, déi loosse mer och mat wielen.'"

Educatioun: den traditionelle Lëtzebuerger Schoulsystem soll ersat ginn

Bei der Educatiouns-Politik ass Volt Lëtzebuerg dofir, datt de System vun der Europäescher Schoul am ganze Land soll ausgebaut ginn, fir d'Grondschoul a fir d'Lycéeën. Dat mam Zil, den traditionelle Lëtzebuerger Schoulsystem komplett ze ersetzen.

De Volt-Kandidat Philippe Schannes ass selwer Philosproff: wat soe seng Beruffskolleegen, wa se esou eng Fuerderung héieren?

"Dat hänkt vun deem Lycée of, wou der grad ënnerwee sidd. Wann dir an engem Lycée sidd, wéi ech, am LTC, wou immens vill auslännesch Schüler sinn, wou ee gesäit, datt Schüler einfach immens vill Problemer mat de Sproochen hunn, da mierkt een, iergendeppes klappt do net am Lëtzebuerger System."

Volt Lëtzebuerg trëtt bei de Chamberwalen haut an engem Mount mat enger kompletter Lëscht am Süden un, a mat dräi Kandidaten am Osten, dat heescht mat am ganze 26 Kandidaten. Bei den Europawalen 2019 hat Volt gutt zwee Prozent vun de Stëmme kritt.

 

Den 100,7-Suedeltest mam Philippe Schannes

Chamberwalen 2023
Logement
Mobilitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Interview
Noriichten
Ëmwelt