Radioen

On air

Concert  |  Dem Beethoven seng Néngt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eisebunnergewerkschaft Syprolux: “Eng Fusioun kënnt net a Fro”

Ëffentlechen Transport

Eisebunnergewerkschaft Syprolux: “Eng Fusioun kënnt net a Fro”

D’Eisebunnergewerkschaft denkt net driwwer no mat méi enger grousser Gewerkschaft ze fusionéieren, betount d’Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy.

auto_stories

2 min

D'Mylène Bianchy ass Presidentin vum Syprolux. (Foto: Chris Zeien)

Hir Gewerkschaft ass zënter Kuerzem déi eenzeg am Land, déi sech reng op d’Eisebunn konzentréiert. De Landesverband huet nämlech virun zwou Wochen offiziell mam OGBL fusionéiert. Fir de Syprolux kéim esou eng Fusioun awer net a Fro, ënnersträicht d’Mylène Bianchy.

“Mir si vläit eng kleng Gewerkschaft, mee ech muss soen: Als Presidentin vum Syprolux befaassen ech mech léiwer mat den Uleies vun eiser Memberschaft, wéi ze kucken, ob ech meng Organisatioun nach ka weider vergréisseren.”

Eng Police-Unitéit fir d‘Eisebunn?

D’Eisebunnergewerkschaft Syprolux seet, den neien Inneminister kéint sech virstellen eng speziell Police-Unitéit fir den ëffentlechen Transport ze schafen. De Léon Gloden géif sech oppe fir déi Iddi weisen, esou d’Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy. Dat hätt hien der Gewerkschaft viru Kuerzem ugedeit, ouni awer eng fest Zouso ze ginn.

“Politik – dat ass e bësse méi e spezielle Business. Ech weess net, ob een esou séier esou kloer Aussoe vu Politiker kritt. De Minister huet emol nogelauschtert, e fënnt et eng gutt Iddi. An en ass och bereet weider mat eis doriwwer ze diskutéieren.”

D’Eisebunnergewerkschaft Syprolux fuerdert zënter iwwer zéng Joer, datt eng speziell Police-Unitéit fir den ëffentlechen Transport geschaaft gëtt.



Lauschterenplay_arrow