arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmmer méi Accidenter mat klengen elektresche Gefierer

Parlamentaresch Fro

|
headphones

1 min

Ëmmer méi Accidenter mat klengen elektresche Gefierer

D'lescht Joer goufen et 42 Accidenter mat klengen elektresche Gefierer, zu deenen och elektresch Trottinette gehéieren. Dovu ware 14 schwéier Accidenter an 28 liichter dobäi. Dat äntwert d'Mobilitéitsministerin Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz. 

headphones

1 min

© Benjamin Cheng/Unsplash
(Foto: Benjamin Cheng/Unsplash)

Déi Zuel ass, par Rapport zu de Jore virdru, staark an d'Luucht gaangen. 2023 goufen et 19 Accidenter vun där Kategorie, nach d'Joer virdru 27 an 2021 11. E-Trottinette ginn net eenzel an de Statistike vum Statec opgelëscht. An déi Kategorie fale beispillsweis och Hoverboarden a Segwayen. 

80 blesséiert Kanner a Jugendlecher bei Verkéiersaccidenter zejoert

D'lescht Joer si bei Accidenter 80 Kanner a Jugendlecher blesséiert ginn, dovun 21 schwéier. Dat geet aus enger anerer parlamentarescher Fro ervir. Bal 40 Prozent ware Passagéier an engem Auto, een Drëttel ware Foussgänger, 11 Prozent waren um Vëlo ënnerwee a 9 Prozent mat E-Trottinetten oder E-Scooteren.