arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Avant-Projet fir Taxisreform: Kritik u Lizenz fir Taxie mat Verbrennungsmotor

déi gréng

|
headphones

1 min

Avant-Projet fir Taxisreform: Kritik u Lizenz fir Taxie mat Verbrennungsmotor

De Meris Sehovic vun déi gréng begréisst gréissten Deels den Avant-Projet fir d'Taxisreform. Hie stéisst sech awer dodrun, datt Taxie mat Verbrennungsmotor nach weider kënne Lizenze kréien, och wa si dem Projet no dofir mussen eng CO2-Tax bezuelen.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Bis elo hätt et zwou Zorte Lizenze ginn, esou de Meris Sehovic. Eng Lizenz fir fossil Autoen an anerersäits Lizenze fir Autoen, déi elektresch bedriwwe sinn. An de leschte Jore wiere just nach Lizenze vergi gi fir Autoen ouni Emissiounen. Déi Ënnerscheedung wëllt d'Regierung elo sträichen.

"An ersetze mat engem Mechanismus, wou een dann op den CO2-Ausschloss vum Vehikel d'Lizenz bezilt a méi deier bezilt, wann den Auto méi CO2 ausstéisst. Ech hunn do ganz grouss Doutten, datt dat als Instrument eleng wäert duergoen, fir d'Dekarboniséierung an deem dote Secteur virunzedreiwen."

Zweiwel vum Sträiche vu geografeschen Zonen

De Meris Sehovic begréisst awer, dem Avant-Projet no, datt Uber-Chauffeure weiderhi mussen eng Taxislizenz hunn a sozial verséchert sinn. 

Iwwerdeems géif ee sech Gedanke maachen, wat dat ersatzloost Sträiche vun de geografeschen Zone bewierke géif. Aktuell ass d'Land fir Taxien a sechs Zonen agedeelt, woubäi zudeem och den Tarif pro Zon variéiere kann. Hei misst een elo oppassen, datt et do net zu Verschlechterunge fir déi ländlech Regioune kënnt. Där Meenung ass och den Yves Cruchten vun der LSAP, wéi deen an der zoustänneger Chamberkommissioun gesot huet.