Domat schéngen d’Ängschte vu politesche Responsabele vu Schengen a Réimech Realitéit ze ginn. Dem radio 100,7 géintiwwer hate si gefaart, datt de Stau an hire Gemengen elo nees wiisst. Dobäi koum d'Ongewëssheet, wéi laang d'Aarbechten dauere géifen. De Buergermeeschter vu Schengen Michel Gloden goung de Méindeg dovun aus "datt dat schonn eng Zäitche wäert daueren", iwwerdeems de Jean-Paul Kieffer, Schäffe vu Réimech, gefaart hat, datt "sech dat iwwer Wochen, voire Méint zéien" kéint.
Nach keen Datum fir Ufank vun eventuelle Reparaturaarbechten
Mat hiren Ängschte schénge si deemno richteg geleeën ze hunn, well d'Autobahn GmbH eis schreift: "An der Moselbrücke bei Perl/Schengen wurde eine umfangreiche Bauwerksprüfung durchgeführt. Dabei ist ein systematischer Schaden im Inneren des Stahlverbundhohlkastens im Überbau festgestellt worden."
Konkret goufen de leschte Mount bei enger Iwwerpréiwung Ufäng vu Rëss fonnt. No den entspriechenden Analysen, dem Plangen an dem Ëmsetze vun de Reparatioune sollt d'Schengener Bréck an Zukunft nees ouni Restriktiounen zur Verfügung stoen. Iwwer de konkreten Ufank vun de Reparaturaarbechte géif separat informéiert ginn, esou d'Autobahn GmbH, fir déi de Schutz an d'Sécherheet vun der Infrastruktur Prioritéit hätt.
Laangwiereg Perturbatioune vum Trafic méiglech
De Sonndeg huet de Schantje Schengen-Bréck ugefaangen, deen iwwregens a kengem Zesummenhank stéing zu de Grenzkontrollen, wéi et nach an der Äntwert vun der Autobahn GmbH heescht. Wéi laang dee Chantier um Enn dauert steet zwar an de Stären. Mee séier dierft et definitiv net goen, soudatt Schengen, Réimech an Ëmgéigend ongemittlech Wochen a Méint an d'Haus stoe kéinten.