Radioen

On air

Concert  |  50 years on - Friends of the Organ in Luxembourg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fondation Cancer ënnerstëtzt ee wäitleefegt Fëmmverbuet

Kampf géint den Tubak

D'Fondation Cancer ënnerstëtzt ee wäitleefegt Fëmmverbuet

D'Fondation Cancer ënnerstëtzt ee wäitleefegt Fëmmverbuet, dat den Dënschdeg vun den EU-Gesondheetsministere gréng Luucht krut. Dat seet d‘Direktesch vun der Fondation Cancer Margot Heirendt.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow
D'Margot Heirendt ass d'Direktesch vun der Fondation Cancer (Foto: Chris Zeien)

Si wëll bis 2040 eng "Génération sans tabac" erreechen. Dofir misst zu Lëtzebuerg awer méi geschéien.

D‘Cour des Comptes hätt an engem Avis gesot, datt Lëtzebuerg ee Plang brauch fir mat den Accisen ëmzegoen an datt Jonker méi geschützt misste ginn. Donieft misst ee weider Efforte maachen fir Leit ze ënnerstëtzen, déi mam Fëmme wëllen ophalen.

Nikotinpouches misste verbuede ginn

D'Direktesch vun der Fondation Cancer warnt  vor neiaartegen Tubaksproduiten. Domat géif ee sech eng nei Generatioun vun Ofhängegen erunzéien, sou d'Margot Heirendt.

Besonnesch déi sougenannten Nikotin-Pouches misste verbuede ginn, bis ewell ass esou e Verbuet hei am Land net virgesinn. Och elektronesch Zigaretten déi ee een nom Gebrauch ewech geheit, sollten hirer Meenung no verbuede ginn, well se speziell op eng jonk Keeferschaft ofzilen.

D’Margot Heirendt begréisst op där Plaz iwwerdeems, datt Lëtzebuerg d’Propos vun den EU-Länner matdréit fir d’Fëmmen op verschidde Plazen dobaussen ze verbidden, beispillsweis op Busarrêten, oder op den Terrasse vu Restauranten a Bistroten. Enttäuscht wier d’Fondation Cancer allerdéngs, datt d’Gesondheetsministesch déi EU-Recommendatioune fir den Ament nach net hei am Land wëllt ëmsetzen.