Radioen

On air

9 bis 1  |  King Pari - Somethin' Somethin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stéphanie Empain: déi gréng hunn net genuch iwwer hir Aarbecht kommunizéiert

Nei Co-Parteipresidentin

Stéphanie Empain: déi gréng hunn net genuch iwwer hir Aarbecht kommunizéiert

Déi gréng hunn eng nei Parteispëtzt. Um Kongress um Samschdeg goufen d‘Stéphanie Empain an de François Benoy un als nei Co-Parteipresidentin a President gewielt. Wat hunn déi gréng aus hirer Walnéierlag geléiert a wat wëll d‘Partei an Zukunft anescht maachen?

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Déi gréng wëllen eng staark Stëmm vun deene méi Schwaachen an der Gesellschaft bleiwen. Zesumme mam François Benoy gouf si um Parteikongress e Samschdeg op dee Poste gewielt. Si mengt, datt et op deem Poste bësse méi einfach wäert ginn, Gehéier fir sech ze schafen.

“Ech menge souguer, datt et elo en Tickelche méi einfach ass. Well virdrun, wann een an enger Regierung ass, an eng Presidence huet, déi ee selwer zum Deel, oder zum Schluss ganz an der Chamber vertrueden ass. Dann hält een sech als Presidence zeréck fir Regierungspositiounen ze kritiséieren. 

Elo wier een an enger ganz anerer Positioun. Zesumme mam Co-Parteipresident François Benoy hätt ee vill méi fräi Hand, fir d‘Positioun vun déi gréng no baussen duerzestellen.

D‘Partei hätt nämlech gutt Aarbecht gemaach, mee dat net genuch no bausse kommunizéiert, mengt d‘Stéphanie Empain. Dorëms géif et elo goen.

„Mir hunn net genuch erauskristalliséiert, wat mir de Leit och bruecht hunn. Vläicht ware mer do en Tick ze modest a mir sinn elo an enger anerer Roll.“

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft
Interview