Radioen

On air

9 bis 1  |  Steve Lacy - Bad Habit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz: Pensiounsreform betrëfft just de Privatsecteur

Diskussioun ëm d'Pensiounsreform

Marc Spautz: Pensiounsreform betrëfft just de Privatsecteur

Déi geplangte Pensiounsreform wäert d‘Staats - an d’Gemengebeamten an enger éischter Phase net concernéieren. Dat seet den CSV Fraktiounschef Marc Spautz am 100,7-Interview ganz formell. Et wier awer méiglech, no enger Reform eenzel Elementer och fir den ëffentleche Secteur z'iwwerhuelen.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

D’Sozialministerin Martine Deprez hätt den Optrag kritt, déi Gespréicher ze feieren, an si wier eebe just fir de Privatsecteur zoustänneg. Fir d’Fonction publique wier et en anere Minister, huet de Marc Spautz präziséiert. 

Wat déi rezent Problemer tëschent dem Aarbechtsminister Georges Mischo an de Gewerkschaften ugeet, sot de Marc Spautz, hien hätt léiwer d‘Klima wier besser. Hien zielt awer op de gudde Wëlle vun alle Säiten, fir weider am Gespréich ze bleiwen.