Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Djuna Bernard: Eng Illusioun deen ee Volet ze kucken an deen aneren net

Pensiounsreform

Djuna Bernard: Eng Illusioun deen ee Volet ze kucken an deen aneren net

Eng kloer Positioun zu der Pensiounsdebatt hätten déi gréng nach net ausgeschafft. Dat seet d’Deputéiert Djuna Bernard am 100,7-Interview. Eng Debatt iwwert de Pensiounssystem wier awer duerchaus néideg.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

D'Djuna Bernard betount iwwerdeems, datt fir hir Partei d’Rentereform net kéint gemaach ginn, ouni och iwwert de Pensiounssystem vun de Staatsbeamten ze diskutéieren. 

"Do muss een iergendwou och de bigger Picture kucken an ech mengen, dass et eng Illusioun ass, sech deen ee Volet unzekucken, an deen aneren net.“

D‘Majoritéit schéngt dat anescht ze gesinn. D‘Deputéiert vun déi gréng fënnt, et misst ee béides zesummen denken, wann et ëm Gerechtegkeet an eng laangfristeg Visioun fir d‘Zukunft geet.

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft
Interview