Radioen

On air

De Weekend  |  Wild Nothing - Headlights On Feat. Hatchie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tätowéiere kritt eng offiziell unerkannten Ausbildung

Opwäertung vum Beruf

Tätowéiere kritt eng offiziell unerkannten Ausbildung

Mat der Rentrée an zwou Woche wäert d‘Schoulausbildung fir den DAP fir d‘Tätowéieren ufänken. Domat ass Lëtzebuerg eent vun den eenzege Länner, déi dee Beruff praktesch offiziell mat enger Ausbildung aféieren. 

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow

D’Dunia Ciuferri huet vill Kreativitéit gebraucht fir aus deem ale Raum mat de schwaarz-wäisse Plättercher zu Hollerech en Tattoostudio ze maachen. Déi al Storë goufe wechgeholl, d’Maueren hänke voller Biller, e grousse Spigel un der Mauer mécht d’Zëmmer méi grouss an de Geroch vun engem Räucherstäbche fëllt de Raum. Déi jonk Kënschtlerin huet zënter annerhallwem Joer hiren eegenen Tattoostudio. Eng offiziell Ausbildung huet si net. Si huet „op déi almoudesch“ Aart a Weis (wéi si seet) ugefaangen.

Ech si mat mengem Portfolio u bal all Dier hei klappe gaangen. An et hunn der puer Jo gesot an dunn hunn ech mir dee sympatheschste rausgesicht.“

Wat hir deemools virun allem gefeelt huet, waren déi handwierklech Kenntnisser, erënnert si sech: Wéini ee seng Händschen undeet, wat een desinfizéiere soll oder wou de Plastik drop kënnt.

Bis elo ware keng Qualifikatiounen néideg fir e Studio opzemaachen

Aktuell fält de Beruff Tätowéierer:in an d’Kategorie C vun den « métiers de l'artisanat ». Fir dës Kategorie vu Beruffer ass keng Qualifikatioun néideg, sou heescht et vum Wirtschaftsministère. Ausser eng Hygiène-Formatioun vun 21 Stonnen, ass also keng schoulesch Ausbildung virgeschriwwe fir en Tattoostudio opzemaachen.

Dat kéint sech mat der Aféierung vum neien DAP änneren erkläert de Marion Thill vun der Confédération Hair Beauty and Tattoo Guild.

“Soubal den DAP bis leeft – oder bis déi éischt duerch sinn – sot de Ministère dorausser dann eng autorisation d’établissement ze maachen, déi dann den droit d’accès à la profession oder respektiv d’autorisatioun gëtt fir e Studio kënnen opzemaachen.”

Fir déi bestoend Betriber sollt dat awer kee Probleem duerstellen, präziséiert de Marion Thill.

D'Qualitéit am Beruff eropsetzen

Den DAP wier e wichtege Schrëtt fir d’Professionaliséierung an der Branche a fir d’Qualitéit flächendeckend op een Niveau ze setzen, erkläert de Yann Neumann. Hie schafft zanter iwwer 10 Joer selbststänneg als Tätowéierer a war am Aarbechtsgrupp fir d’Entwécklung vum DAP..

Hie mengt, datt Lëtzebuerg sech mat dëser Ausbildung wäert ervirhiewen, well d‘Qualitéit wäert klammen.

Haarde Konkurrenzkampf ënnert de Tattoostudioen

Trotz vill Skepsis vun de Studioen uechtert d’Land, wier de Feedback awer gréisstendeels positiv seet de Yann Neumann. Hie mengt net, datt d‘Leit fäerte mussen, datt de Marché elo mat neien Apprentie „geflut gëtt“.

„Et sinn d’Patronen, déi am Fong de Filter drop hunn, wéi vill Leit ugeholl ginn a wéi vill Leit deen Apprentissage dierfe maachen.“

De Konkurrenzkampf wier haut scho schwiereg an der Tattoozeen, weess de Yann Neumann. Dat well d’Demande a leschter Zäit, wéinst Inflatioun a Krisen, erof gaange wier. Hie mengt awer, datt esou een DAP als Ofschloss de Leit méi Chance géif ginn an deem Konkurrenzkampf ze bestoen.

De Beruff wäert sech och weiderhin doduerch auszeechnen, datt de Client op d’Resultat kuckt.

DAP gëtt ee méiglechen Astellungskrittär

Där Meenung ass och d’Dunia Ciuferri. Si hätt, zanter den DAP bekannt ginn ass och schonn eng Rëtsch vun Ufroe kritt, vu Leit déi den Apprentissage wéilte maachen. Ausserdeem géif si den Ofschloss vun engem DAP spéiderhin als Astellungskrittär gesinn, och wa si betount, datt een ëmmer all Kandidatur misst individuell gesinn.

„Jidderee soll Zougang hunn zu där perfekter Ausbildung, an all Beräich wou s du am meeschte Loscht hues opzebléien. An wann dat zesumme mat Schoul a professionellem Ëmfeld ass, dann ass dat ideal fir dass och jiddereen sech sécher fillt.“

Umeldunge sinn nach op

Och wann déi offiziell Rentrée Mëtt September ass - den Delai fir sech an d’Formatioun anzeschreiwen ass nach net eriwwer.

Wien nach kee Patron fonnt huet, huet nach bis Enn Oktober dofir Zäit. De Yann Neumann encouragéiert dofir interesséiert Leit.

Wat kënnt op een duer am DAP?

An deenen dräi Joer vum DAP wäerten d‘Schüler:innen en ausféierlechen Abléck an de Sujet Hygiène kréien. Donieft wäerten et zwee verschidde Konschtcoursë ginn: Eemol kreativ Konscht, an deem et ëm ënner anerem ëm d‘Zeechnen a Faarweléier geet. An een an deem de Bezuch zum Tätowéiere gezu gëtt. Zum Beispill wéi een ee Motiv fir eng bestëmmte Plaz um Kierper kann entwerfen oder wéi e Motiv soll ëmgeschafft gi fir, datt et op eng aner Plaz um Kierper passt.

Dobäi kommen dann nach Coursen zu Comptabilitéit, sozial Medien, Marketing a Kommunikatioun.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft