Radioen

On air

De Weekend  |  Wild Nothing - Headlights On Feat. Hatchie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zäit drängt fir ee Rettungsplang

Caritas

Zäit drängt fir ee Rettungsplang

Wann d'Aktivitéite vu Caritas Lëtzebuerg solle weider lafen, musse séier Léisunge fonnt ginn. Dëse Mount si bei der Fondatioun wéinst dem rezente Finanzbedruch net méi genuch Suen do fir all d‘Paien an Aktivitéiten ze finanzéieren. Dat confirméiere gutt informéierte Sourcen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Situatioun bei der Caritas ass dëse Mëttwoch (4. September) eent vun den Themen am Regierungsrot. De Premier Luc Frieden soll sech duerno am Kader vun enger Pressekonferenz och zu dësem Dossier äusseren.

Déi vum Finanzskandal betraffen Entitéite vun der Caritas – d’Fondatioun Caritas Lëtzebuerg an d’Asbl “Caritas Accueil et Solidarité” – kréien aktuell keng Sue méi vum Staat.

Ee Krisecomité, deen Enn Juli bei der Caritas agesat gouf, versicht fir d’Personal an d’Aktivitéiten un nei Entitéiten ze iwwerdroen. Dës soll de Staat dann och nees mat finanzéieren, wann eng Rei Konditioune vun der Regierung erfëllt sinn. Notamment sollen dës Entitéiten een neie Management kréien.

Den Zäitdrock ass grouss, heescht et vu gutt informéierte Quellen: Besonnesch bei der Fondatioun Caritas, déi national an international Projete geréiert. Hei sinn dëse Mount net méi genuch Suen do fir d’Aktivitéiten an d’Paie vun de ronn 400 Mataarbechter:innen ze finanzéieren. Caritas Accueil et Solidarité geréiert sozial Projeten hei am Land. Hei schaffe ronn 130 Leit. Dës Entitéit kann ee Gros vun hiren Aktivitéiten am September nach finanzéieren.

Wéinst den onsécheren Zukunftsperspektiven ass et beim Personal schonn zu vereenzelten Demissioune komm.

National Projete si prioritär

De Premier Luc Frieden hat Ufank August gesot, d’Regierung wéilt garantéieren, datt déi national Aktivitéite vun der Caritas viru gefouert ginn.

Manner kloer war de Luc Frieden, wat d’Zukunft vun den internationalen Aktivitéite vun der Caritas ugeet. Hei missst ee Projet fir Projet kucken, wéi et kéint weider goen, esou d’Ausso vum Premier. Déi Analys wier nach net ofgeschloss, heescht et elo op Nofro hi beim Kooperatiounsminister Xavier Bettel.

Onsécher Zukunft fir Kooperatiounsprojeten

Et sinn déi international Projeten, deenen hir Zukunft den Ament als am mannste sécher gëlt, sou d’Aschätzung a Caritas-Kreesser.

D’Caritas Lëtzebuerg ass an 12 Länner aktiv, dorënner am Südsudan, Laos a Bangladesh. Eng 100 Leit schaffe fir déi international Projeten. Déi meescht dovunner sinn an de Partnerlänner am Asaz.

Een Transfert vun dëse Projeten an eng nei Entitéit kéint aus verschiddene Grënn komplizéiert ginn. Notamment well fir de Finanzement gewéinlech och Eegemëttel néideg sinn, déi elo feelen. Deemno gëtt och no anere Léisunge gesicht. Méiglech ass, datt aner ONGe verschidde Projete iwwerhuelen. Fir eenzel Projeten, notamment am Südsudan, kritt d’Caritas Lëtzebuerg schonn Hëllef vu Schwësterorganisatiounen am Ausland.

Krisegestioun ass Chefsaach

De Luc Frieden bekëmmert sech an der Regierung perséinlech ëm den Dossier. De Premier steet am enke Kontakt mam Christian Billon, dem President vum Krisecomité vun der Caritas.

De 25. Juli sot de Luc Frieden an der Chamber de Finanzbedruch wier net der Regierung mee der Caritas hire Problem. Dee selwechten Dag ass de Premier owes nach an de Verwaltungsrot vun der Caritas gaange fir d'Konditioune vum Staat ze presentéiere fir de staatleche Finanzement nees opzehuelen.

Eréischt d'lescht Woch war eng vu méi Reuniounen tëscht dem Premier, verschiddene concernéierte Ministèren an dem Krisecomité vun der Caritas.

Roll vum Bistum

Onkloer ass den Ament, ob de Bistum bei der Grënnung vu méiglechen neien Entitéiten nach eng Roll spillt. D‘Fondatioun Caritas Lëtzebuerg gouf vum Bistum gegrënnt a steet der Kierch no. Dat ass och eng Konditioun fir datt eng Organisatioun Deel vum internationale Caritas-Reseau ka sinn.

Am Juli hat de radio 100,7 opgedeckt, datt d’Caritas 61 Milliounen Euro geklaut krut. Et leeft eng Enquête vun der Justiz.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft