Am Kader vun dëser Demande geet et ëm d'Schrëftkorrespondenz tëschent der CSSF an der Spuerkeess am Zäitraum vu Juli 2020 bis Mäerz vun dësem Joer.
E Méindeg wäert déi parlamentaresch Finanzkommissioun de Premier Luc Frieden an de Finanzminister Gilles Roth zu dësem Dossier befroen, dono dann d'Direktioun vun der Spuerkeess, ier dann den Dënschdeg de Verwaltungsrot vun der Spuerkeess un der Rei ass.