arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschidde Chamberfraktioune wonnere sech iwwer Verhale vu Spuerkeess

No Geldstrof fir d'Spuerkeess

|
headphones

2 min

Verschidde Chamberfraktioune wonnere sech iwwer Verhale vu Spuerkeess

Et wier frappant, datt d’Spuerkeess am Mee virun den Deputéierten an der Spezialkommissioun behaapt hätt, datt an der Caritas-Affär alles de Prozeduren no gelaf wier. Dat seet zum Beispill déi gréng Deputéiert Djuna Bernard am 100,7-Interview.

headphones

2 min

Chamber-Spezialkommissioun | © Chambre des députés
Chamber-Spezialkommissioun (Foto: Chambre des députés)

Och d’LSAP weist sech doriwwer verwonnert. Wéi den Dënschdeg scho bekannt gouf, kritt d’Spuerkeess wéinst Schwaachstelle bei der Kontroll vun de Finanztransaktioune vun der Bankenopsiicht CSSF eng Geldstrof vu 4,97 Milliounen Euro.

D’Djuna Bernard vun deene Grénge gesäit d’Strof vu bal 5 Milliounen Euro fir d’Spuerkeess als en däitlecht Signal säitens der CSSF.

"Et ass eng Sanktioun ginn. Et wiere jo och aner méi soft Méiglechkeeten do gewiescht. An ech mengen, datt et scho ganz däitlech ass, wéi d'CSSF dat heite lo ugaangen ass."

Froen iwwer Opstellung vu wichtege Lëtzebuerger Banken

Et missten dofir och Konsequenze bannent der staatlecher Bank gezu ginn, esou nach d’Djuna Bernard. Där Meenung ass och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Him mécht awer och nach Suergen, datt d'BIL 2020 scho wéinst änlechen Defaillancen an hire Systemer sanktionnéiert gouf.

"Et freet ee sech effektiv awer, wéi eis grouss Banken opgestallt sinn, par rapport zu deene Fraude-Risiken a Geldwäsch."

D'ADR fënnt d’Strof vun der onofhängeger Bankenopsiicht CSSF "an der Rei", wéi den Tom Weidig eis matgedeelt huet. 

Djuna Bernard: Realitéit anescht, wéi BCEE-Vertrieder dat erkläert hunn

De Franz Fayot an d’Djuna Bernard stousse sech dann och nach dodrun, datt d’Spuerkeess virun den Deputéierten an der Caritas-Spezialkommissioun behaapt huet, datt an der Caritas-Affär alles de Prozeduren no gelaf wier.

"Dat ass wierklech e Problem. Si hu sech oft hannert hirem Secret verschanzt, mee fir de Recht hu se ëmmer gesot, et wier hirer Meenung no alles selon les règles de l'art verlaf. An dat ass natierlech e seriöe Problem par rapport zu deem, wat se eis do gezielt hunn, wann ee lo gesäit, datt dat awer a Realitéit net esou ass."

D’Djuna Bernard vun deene Grénge seet, d’Spuerkeess hätt gewieltene Volleksvertrieder falsch Informatioune vermëttelt. Et wier eng Saach, där een onbedéngt misst nogoen, esou nach déi gréng Deputéiert.