arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSSF-Strof fir Spuerkeess hätt sollte méi héich ausfalen

Caritas-Finanzskandal

|
headphones

2 min

CSSF-Strof fir Spuerkeess hätt sollte méi héich ausfalen

Ëm wéi vill méi héich d'Strof hätt sollten ausfalen, konnt d'Presidentin vun der Chamber-Finanzkommissioun Diane Adehm no der Sitzung mat Vertrieder vum Verwaltungsrot vun der Bank awer net soen.

headphones

2 min

© Chris Zeien
(Foto: Chris Zeien)

Ëm wéi vill méi héich déi ursprünglech Strof war, konnt d'Presidentin vun der Chamber-Finanzkommissioun net soen.

"D'Kand läit am Pëtz", seet d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding. D'CSSF hätt an dëser Affär déi zweethéchste Strof jeemools ausgeschwat.

"Et si fënnef Milliounen. Et si Feeler geschitt. (…) Et war net keen. An et wär wichteg awer, datt hei déi richteg Leit och d'Responsabilitéit iwwerhuelen."

Sam Tanson: Spuerkeess dréit Matschold u Finanzskandal

D'LSAP-Fraktiounscheffin huet no der Sitzung d'Conclusioun gezunn, datt et bei der Spuerkeess Divergenzen tëschent der Direktioun an dem Verwaltungsrot ginn hätt, fir verschidde Strategië festzeleeën.

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet sech no der Sitzung gewonnert, datt och de Spuerkeess-Verwaltungsrot géif refuséiere Verantwortung am Dossier Caritas ze iwwerhuelen.

"Dat heescht, et wëllt ee sech net dozou prononcéiere fir ze soen, ob dann déi Feeler, déi geschitt sinn, wierklech eppes dozou bäigedroen hunn, quitte datt wann een den Dossier genee studéiert an nolauschtert, een eigentlech nëmme kann zur Conclusioun kommen, datt op d'mannst eng Matschold hei vun der Bank do ass."

Tom Weidig: Spuerkeess hätt Fraude net kéinte verhënneren, mee méi héich Standarde sinn néideg

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet och gesot, datt déi intern Bewäertung vun der Spuerkeess-Direktioun zäitlech no vir soll gezu ginn. Den ADR-Deputéierten Tom Weidig ass der Meenung, datt d'Spuerkeess d’Fraude bei der Caritas net hätt kënne verhënneren.

"Déi eenzeg Fro, déi ass, wa se all déi Mesurë vun Anti-blanchement zu deem héchste Standard gemaach hätten, eventuell wier dat éischter erauskomm, mee et wier definitiv trotzdeem passéiert."

Donieft war gewuer ze ginn, datt et déi international aktiv Strategieberodungsentreprise Oliver Wyman ass, déi am Optrag vum Staat eng onofhängeg Evaluatioun bei der Spuerkeess duerchféiert.