Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilbert Goergen: Beschte Léisung ass et den Agrement fir CMCM nei unzefroen

CMCM

Gilbert Goergen: Beschte Léisung ass et den Agrement fir CMCM nei unzefroen

D’Caisse médico-complémentaire mutualiste reagéiert ganz onopgereegt op e rezent Urteel vum Verwaltungsgeriicht. Dat ass zu der Conclusioun komm, de Sozialministère hätt der CMCM 2021 keen Agrement däerfe ginn.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Sëtzt de CEO vun der CMCM, de Fabio Secci nach fest am Suedel? Jo, mengt de Gilbert Goergen. De Conseil hätt déi lescht Wochen a Méint kënnen analyséieren, wat virdrun alles geschitt war.

Et gëtt Stëmmen déi mengen, ouni de Gilbert Goergen, wier de CEO fort.

Dat kéint ganz gutt sinn, mee dat wier awer och trotzdeem ganz schwéier ze maache gewiescht, well da muss een och Argumenter hunn. An déi Argumenter hu fir mech op jidde Fall gefeelt.“

En Deel vun de contestéierte Statute goufe scho geännert

Iwwerdeems weist de President vun der CMCM drop hin, datt seng Organisatioun deen Deel vun hire Statuten, dee vum Assurance-Verband ACA kontestéiert gi war, schonn 2022 geännert hätt.

Onofhängeg dovu mengt de Gilbert Goergen awer, déi bescht Léisung wier, d’CMCM géif den Agrement nei ufroen. Do géif de Ball awer beim Ministère leien.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft