An där Ried huet hien dunn d’US-Krichsveterane geéiert, sech selwer gelueft a sech iwwer Kommunisten am Land opgereegt.
De russesche President Wladimir Putin huet sengem US-Homolog Donald Trump iwwerdeems gëschter Owend spéit ugeruff a mat deem iwwer d’Ukrain an aner international Sujete geschwat.
Déi zwee Presidenten hätten iwwer eng Léisung fir d’Ukrain diskutéiert, dat e puer Deeg virun der Participatioun vum amerikanesche President um NATO-Sommet an der Tierkei, gëtt en diplomatesche Beroder vum Kreml zitéiert.
Am fréien Owend hat den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj och mam Donald Trump iwwer Telefon geschwat.