D’Ukrainer kommen do mam Steve Witkoff, Émissär vum US-President Donald Trump, an deem sengem Eedem Jared Kushner zesummen. Fir déi ukrainesch Delegatioun sinn dat wichteg Diskussiounen iwwer Detailer vun engem Accord, mat deem Russland allerdéngs bis dato net d’accord ass.
Bei deene leschte Verhandlungen am Dezember zejoert waren d'Ukrain an d'USA ouni Eenegung ausernee gaangen.