Bei deem neien Treffe soll weider iwwer ee méiglecht Enn vum russeschen Ugrëffskrich diskutéiert ginn.
Gespréicher mat Moskau schéngen nach net op der Dagesuerdnung ze stoen.
Bis Silvester kéint villes decidéiert ginn, hat de Wolodymyr Selenskyj op de Soziale Reseaue gëschter um Freideg preziséiert.
Hien hat eng éischte Kéier op Hellegowend gesot, wat an deem 20-Punkte-Friddensplang virgesinn ass.