arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglecht Trump-Selenskyj-Treffe steet un - Moskau kritiséiert Europa

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Méiglecht Trump-Selenskyj-Treffe steet un - Moskau kritiséiert Europa

Moskau gesäit d'Progrèsen an de Gespréicher ëm e Friddensplang, déi mat den USA gefouert ginn. Par conter huet d'Spriecherin vum russeschen Ausseministère d'Ukrain kaum erwäänt. Si huet virun allem probéiert, d'USA an Europa an zwee ze splécken.

headphones

1 min

© EPA/SERGEI ILNITSKY
(Foto: EPA/SERGEI ILNITSKY)

Moskau fuerdert d'USA dozou op, sech aktiv géint d'Versich vun de westeuropäesche Länner ze wieren, déi am Verhandlungsprozess ëm d'Ukrain all Fortschrëtter géifen torpedéieren, esou d'Spriecherin vum russeschen Ausseministère.

Trump a Selesnkyj: Méiglech Renconter den 28. Dezember

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet op de Soziale Reseauen Telegram an X fir déi nächsten Deeg eng Renconter mam us-amerikanesche President annoncéiert. Bis Silvester kéint villes decidéiert ginn, huet hie preziséiert.

Den ukraineschen Negociateur de Rustem Umjerow huet hien iwwer déi leschten Diskussioune mat den USA informéiert. Méiglech wier eng Renconter den 28. Dezember zu Mar-a-Lago, wou den Donald Trump eng Villa huet.

Detailer zum 20-Punkteplang

De Wolodymyr Selenskyj huet eng éischte Kéier op Hellegowend preziséiert, wat an deem 20-Punkteplang virgesinn ass.

Engersäits ginn et Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain, déi quasi d’selwecht sinn ewéi déi, déi et am Artikel 5 vum NATO-Traité ginn.

D’Reaktioune vu Russland op verschidde Punkte waren éischter reservéiert.

Een Haapt-Knackpunkt ass weiderhin, datt Moskau ukrainesch Gebidder am Donbass - Donezk a Luhansk - fir sech revendiquéiert, obwuel déi russesch Truppen déi Regiounen nëmmen zum Deel konnte besetzen.

Déi ukrainesch Arméi verteidegt déi Territoirë weiderhin.