arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: Fridde brauch Garantië fir Sécherheet a Fräiheet

Treffen Trump-Selenskyj

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Luc Frieden: Fridde brauch Garantië fir Sécherheet a Fräiheet

Haut um Méindeg ass zu Washington en Treffen tëschent dem Donald Trump a sengem ukraineschen Homolog. De Wolodymyr Selenskyj geet net eleng dohinner. Eng ganz Rei europäesch Staats- a Regierungscheffen, grad wéi d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, si mat derbäi.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance / dts-Agentur
(Foto: picture alliance / dts-Agentur)

Leschte Freideg hat den Donald Trump de russesche President Wladimir Putin fir ee Gespréich an Alaska empfaangen. Et gouf zwar keen Deal, mee den Donald Trump huet ee Friddensaccord gefuerdert an huet d'Renconter mam Wolodymyr Selenskyj fir haut annoncéiert.

Visiokonferenz mat 31 Länner

Gëschter um Sonndeg gouf et am Virfeld vun deem Rendez-vous vun haut eng Visiokonferenz, un där d'Staats- a Regierungscheffe vun 31 Länner deelgeholl hunn, déi zu der Koalitioun vun de Wëllegen zielen. Et sinn dëst d'Alliéiert vun der Ukrain. Och de Premier Luc Frieden huet un där Visiokonferenz deelgeholl. Et wier eng wichteg Reunioun gewiescht fir sech ze konzertéieren, esou de Premier.

Positiv wier och, datt déi, déi op Washington ginn, Vertrieder:inne si vun deene grousse Länner, déi grouss Arméien hunn, déi och am Ukrainkonflikt am meeschte contribuéieren. An datt déi sech mat all deenen aneren ofschwätzen.

D'Zesummenaarbecht mat den USA ass wichteg

Positiv wier och, datt e puer Net-Europäer oder Net–EU-Memberlänner wéi Groussbritannien, Japan, Australien an aneren derbäi wieren. Dat géif eng Koordinatioun an eng Eenheet beweisen, déi wichteg wier, fir op deem schwierege Wee zum Fridde virunzekommen, betount de Premier Luc Frieden. Wéi de Fridden zustane kënnt, wier ee wichtege Punkt, esou de Premier.

"D'Manéier, wéi dee Fridden hei gemaach gëtt, datt dat ee wichtege Précédent ass fir d'Zukunft vun Europa an doriwwer eraus. Dat heescht, e Fridden ouni en dauerhafte Fridden, e Fridden ouni eng Garantie vu Sécherheet a Fräiheet, ass kee Fridden. An et ass dorunner, wou mir mussen als Europäer schaffen an et ass gutt, datt mir dat mat den Amerikaner maachen."

Den Donald Trump hat betount, datt d'USA bereet wieren, der Ukrain Sécherheetsgarantien ze ginn. Och fir d'Europäer ass déi Sécherheet fir d'Ukrain wesentlech, betount de Luc Frieden.

"Wat kloer ass, ass datt mir der Meenung sinn, datt d'Zukunft vun der Ukrain nëmme ka vun der Ukrain decidéiert ginn, an datt d'Ukrain Sécherheet brauch vun Europa an och vun Amerika wa méiglech, fir datt se net nach eng Kéier kënnen iwwerfall ginn."

Gusty Graas: Treffen an Alaska wërft Froen op

E Freideg hat den US-amerikanesche President sengem russeschen Homolog de rouden Teppech ausgerullt fir een Treffen an Alaska. Eppes, wat fir den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, de Gusty Graas, bedenklech ass.

"Den Här Putin ass do mat groussen Éieren empfaange ginn. Et dierf een awer net vergiessen, datt de Putin an 123 Länner de Moment iwwerhaapt net dierf areesen. Datt de Putin awer engem Regimm virsteet, deen u sech internationaalt Recht violéiert, datt en Haftbefeel géint de Putin ausgestallt ginn ass vum Internationale Strofgeriicht. Dann ass et awer op der anerer Säit méi wéi erstaunlech, wann dann en amerikanesche President hien an där Form do empfänkt."

Och de Fait, datt den Donald Trump enger Invitatioun vum Wladimir Putin quasi zougesot huet fir sech eng nächste Kéier zu Moskau ze gesinn, dat kéint een net einfach esou akzeptéieren, esou de Gusty Graas.

 

play_arrow Lauschteren